Massiv Protester géint Pensiounsreform a Frankräich
Déi franséisch Regierung wëll bis 2030 de Rentenalter progressiv op 64 Joer eropsetzen. Doropshi war massiv gestreikt ginn.
Vun 2027 u wieren deemno schonn 43 Cotisatiounsjore virgesinn. Anescht wier de franséische Pensiounssystem längerfristeg net ze droen, seet d'Regierung.
Et gouf zu grousse Streiken opgeruff
D'Gewerkschaften a verschidde Parteien haten an deem Kader zum Streik opgeruff. Vun enger "Grève nationale" war riets, déi sech queesch duerch sämtlech Wirtschaftssecteure soll zéien.
Eng Rei Oppositiounsparteien ënnerstëtzen de Streik. De Chef vun der France Insoumise, de Jean-Luc Mélenchon, sot en Donneschdeg de Moien, a sengen Aen hätt d'Regierung schonn ee Kampf verluer - deen, fir d'Leit vun hire Pläng z'iwwerzeegen. D'Reform géing kee Sënn maachen an den Emmanuel Macron géing sech net doru festhalen, sou de Mélenchon.
Vill Spill- a Grondschoule sinn deemno en Donneschdeg zou bliwwen. Ënnert den Enseignanten ass d'Roserei iwwert déi geplangte Reform nämlech besonnesch grouss. Wéi de franséischen Educatiounsministère mellt, géingen awer manner wéi d'Hallschent vun den Enseignanten a Frankräich géint d'Pensiounsreform streiken - däitlech manner, wéi d'Gewerkschaften annoncéiert haten. Deemno géinge gutt 42 Prozent vun den Enseignanten am Primär a knapp 34 Prozent vun den Enseignanten am Lycée streiken. D'Gewerkschaften haten annoncéiert, datt 65 Prozent vun de Lycéesproffen a 70 Prozent vun de Grondschoulenseignante streike géingen.
Och de Syndikat vun den Infirmieren huet zum Streik opgeruff an esouguer d’Policegewerkschaft hat annoncéiert, sech dem Mouvement uschléissen. Déi 8 Syndikater aus der franséischer Fonction publique hunn hir Memberen opgeruff, d’Aarbecht néierzeleeën. Et leeft just Musek um Radio amplaz den normale Programm mat Noriichten an esouguer beim Energiekonzern EDF gouf d'Stroumproduktioun liicht erofgefuer.
Eleng zu Paräis goufe sech fir eng riseg Maniff iwwer 200.000 Leit erwaart an zu Metz rechent ee mat 10.000 Leit, esou eis Kolleege vu 5minutes.
"Et wäert e staarke Protestdag ginn", sot de Chef vun der CGT-Gewerkschaft Philippe Martine. Dass sech all d'Gewerkschaften eens sinn, wat seelen ass, géing weisen, wéi grouss de Problem ass. "Vill Leit, déi soss net op d'Strooss ginn, sinn dës Kéier dobäi", sou och de Laurent Berger, Chef vun der Gewerkschaft CFDT.
D'Premierministesch Elisabeth Borne hat an de leschte Wochen déi grouss Linne vun der Rentereform ugekënnegt. Den Emmanuel Macron hat schonn 2019 versicht, de komplizéierte franséische Pensiounssystem ze vereinfachen a wollt duerchsetzen, dass d'Fransouse méi laang schaffen. Dëst hat zu der längster Protestwell zanter der Studenterevolt 1968 gefouert. Wéinst der Corona-Pandemie gouf de Projet dunn op Äis geluecht.
D'Regierung wëll duerch d'Reform déi laangfristeg Finanzéierung vum Pensiounssystem sécheren. Den Ament weist d'Pensiounskeess e Plus op, déi franséisch Regierung rechent awer mat engem Defizit vu 14 Milliarden Euro bis 2030. Der OECD no kascht hire System Frankräich ongeféier 14 Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung.
Fro vum Dag
Massiv Bedeelegung un de Streiken
Iwwer 200 Protester waren a ganz Frankräich ugemellt ginn an d'Bedeelegung war massiv. Eleng zu Paräis koume bal eng hallef Millioun Manifestanten vun der Place de la République bis bei Place de la Bastille zesummen, déi sech net wollte gewäerde loossen zwee Joer méi laang mussen ze schaffe fir an de Genoss vun hirer Pensioun ze kommen. 30 Persoune goufe vun der Police festgeholl. Den Dispositif vun der Police war op Vandalismus vum lénks-extreme "Schwaarze Block" virbereet. Gréisser Ausenanersetzunge sinn awer ausbliwwen.
Zu Metz goung d'Manifestatioun um 14 Auer un, an der Mëttesstonn hate sech schonn eng honnert Leit versammelt, ënnert hinnen och Leit vum OGBL.
10.000 Demonstrante goufe sech erwaart an d'Sortie vun der Autobunn gouf gespaart. Tëschent Metz an der Stad waren en Donneschdeg just 20 vun 135 Zich gefuer
Kaum Impakt op Lëtzebuerg
D'Problemer am Zuchtrafic wéinst dem Streik hunn och dozou gefouert, datt et zu engem gréissere Stau vu Frankräich a Richtung Lëtzebuerg gefouert. / © Domingos Oliveira
Esou e Streik beim franséischen Noper kéint, wéinst der grousser Zuel u Frontalieren, och gréisser Repercussiounen op den Alldag hei am Land hunn. Ma weder d'Gastronomie, nach d'Grandes Surfaces hunn en Donneschdeg eppes gespuert an och am Finanzsecteur an an de Spideeler gouf et weider keng Ausfäll.
Och am Transport war de grousse Chaos ausbliwwen. Trotz enger ganzer Partie Ausfäll bei den Zich, waren déi Zich, déi gefuer sinn, net struppevoll an och op den Autobunnen war net méi Trafic ewéi soss.












Gewerkschafte schwätze vu "Groussem Succès"
Déi franséisch Gewerkschafte schwätze vun engem grousse Succès. Méi wéi eng Millioun Leit hunn en Donneschdeg géint déi ëmstridde Pensiounsreform a Frankräich protestéiert. Fir den 31. Januar ass e weideren nationalen Protestdag geplangt. En Donneschdeg war, ausser vereenzelten Debordementer zu Paräis, Lyon a Rennes, roueg ofgelaf. Méi wéi 200 Cortègen hate sech versammelt, fir kloer ze maachen, datt si net wëlle bis 64 Joer schaffe goen.