Zwee jonk Männer wéinst Mord an der Äifel ugeklot

Am Buedzëmmer vun deem orangen Haus koum et de leschten Ermëttlungen no zum grausame Mord. / © Heinz-Günter Boßmann
Déi zwee Männer am Alter vun 20 a 26 Joer gi verdächtegt, e 56 Joer ale Mann a sengem Haus am Äifelduerf Hersdorf ermort ze hunn.
Wéi den Tréierer Parquet matdeelt, ass nom Mord an der Nuecht vum 14. op de 15. Januar elo Uklo géint zwee Männer erhuewe ginn. D'Affer ass un engem schwéiere Schädel-Hirn-Trauma verscheet a gouf de 16. Januar dout a senger Wunneng opfonnt. Et war opgefall, datt de Mann net op d'Aarbecht komm war.
Den Ermëttlungen no soll d'Affer déi presuméiert Täter am Internet op der Sich no sexuelle Kontakter kennegeléiert hunn. Déi zwee Serben aus Nordrhein-Westfalen hätten hire sexuellen Interessi awer just virgetäuscht, fir Accès zum Affer sengem Haus ze kréien an de 56 Joer ale Mann ze beklauen.
De Parquet geet dovunner aus, datt d'Affer déi zwee presuméiert Täter am fréien Owend mat sengem Auto zu Remscheid ofgeholl huet, a si vun do aus mat a säin Haus zu Hersdorf geholl huet. Am Laf vun der Nuecht wier et do zur Dot komm. An der Buedzëmmer wier dee 56 Joer ale Mann mat enger Ratsch fir d'Pneue vun hannen erschloe ginn. Duerno sollen déi presuméiert Täter d'Wunneng no Wäertgéigestänn duerchsicht hunn.
Verschiddenes solle si matgoe gelooss hunn, an déi zwee jonk Männer sollen du probéiert hunn, sech mam Auto vum Affer duerch d'Bascht ze maachen. Den Auto ass allerdéngs nach um Terrain vum Affer am Bulli hänke bliwwen. Ze Fouss sollen déi zwee Männer dunn a Richtung Schönecken fortgelaf sinn, wou si en Taxi a Richtung Gerolstein geholl hunn. Mam ëffentlechen Transport si si dunn nees zeréck an Nordrhein-Westfalen gefuer. De Versuch, mat der Kaart vum Affer Suen opzehiewen, huet net geklappt.
Déi presuméiert Täter sinn zanter dem 24. Januar an Untersuchungshaft. En Datum fir den Optakt vum Prozess steet nach net fest.