De 15 Joer ale Jong, deen no enger Kläpperei op engem Jugend-Futtballturnéier zu Frankfurt am Main misst reaniméiert ginn, ass u senge Blessure gestuerwen.

Schonn en Dënschdeg gouf hien als gehierdout deklaréiert, am Laf vum Mëttwoch gouf decidéiert, d'Maschinnen, déi hien um Liewe gehalen un, auszeschalten.

Um Päischtsonndeg koum et op engem internationalen Tournoi zu Frankfurt am Main zu enger Kläpperei tëschent Jugendspiller vum JFC Berlin an dem FC Metz, bei där e 15 Joer ale Spiller vun der däitscher Ekipp liewensgeféierlech um Kapp blesséiert gouf. Hie misst reaniméiert ginn.

De 16 Joer alen Täter, e Jugendspiller vum FC Metz, koum an Untersuchungshaft. Säi Veräin huet entretemps an engem Communiqué matgedeelt, et wier ee "schockéiert" iwwert de Virfall a betount, de Spiller géing bestreiden, dem Affer "express kierperleche Schued zougefüügt ze hunn".