Krich am Weltall. Wat wéi e Film klengt, ass an Tëschenzäit batter Realitéit.

E Freideg gouf op der amerikanescher Base vu Ramstein déi nei US-Space-Force fir Europa an Afrika presentéiert. 30 Spezialisten, déi Satellitte protegéieren an Opklärung an Informatiounen un alliéiert Arméie liwweren. Awer och zivil Missiounen, ënnert anerem an der Klimakris, oder wat Ufroe vum Welt-Ernierungsfong um afrikanesche Kontinent ugeet.  "An de leschte Joerzéngte sinn d'Kapazitéiten, déi eis aus dem Weltall zur Verfügung gestallt ginn - a Form vu Renseignement, Iwwerwaachung, Opklärung, Satellitte-Kommunikatioun, Prezisiouns-Navigatioun - innovativ ginn. Net nëmme fir militäresch Operatiounen, mä och wéi d'Mënsche ronderëm d'Welt am Alldag liewen. Si sinn, sou ze soen, zur dreiwender Kraaft fir d'Wirtschaft ginn. An éierlech gesot, mir hunn e Punkt erreecht, wou et an eisem Alldag ouni ganz schwéier géif. A militäresch, nach méi. Eis Géigner a Konkurrente wëssen dat. Se bauen, testen a bedreiwe spezifesch Systemer, fir dës Weltraum-Capacitéiten ze neutraliséieren, a souguer ze zerstéieren", esou den US-Colonel Max Lantz, Kommandant vun der Space Force fir Europa an Afrika.

D'US-Space-Force koum eng éischte Kéier am Kader vum Vietnam-Krich an den Asaz. Zanterhier gouf et keng amerikanesch Militär-Interventioun méi, ouni datt Satellitten agesat goufen. Zwee Evenementer stiechen ervir: De Golf-Krich, deen als éischte "Space War" bezeechent gëtt an déi russesch Invasioun vun der Ukrain, wou Satellitten-Technik, militäresch a konventionell, eng elementar Roll spillt.

D'Starlink, d'Satellitte-Constellatioun, erlaabt et den ukraineschen Truppen an Echtzäit Informatiounen auszetauschen. Domat gëtt d'Artillerie méi mobil, méi präzis. Dronen iwwerdroe Positiounsdaten, iwwer Starlink. Banne Sekonne kann ugegraff ginn, mat enger Prezisioun vun 10 Meter, an direkt ännert d'Artillerie nees hier Positioun.

Iwwer reng militäresch Missiounen eraus wäerten déi den Ament 30 Mataarbechter vun der US-Space-Force fir Europa an Afrika, déi zu Ramstein stationéiert sinn, och zivil Servicer ubidden.