Krichsverbrieche festhalen, ass fir d'Oleksandra Romantsova eng Prioritéit
Zanter 2014 dokumentéieren d'Ekippe vum "Center for Civil Liberties" Krichsverbriechen.
Et vergeet kaum en Dag, wou net en neit Krichsverbrieche gemellt gëtt. Eleng de "Center for Civil Liberties" huet bis ewell iwwer 69.000 Fäll opgeholl. Vu Mord, iwwer Vergewaltegungen, bis zu Entféierungen. Wéi ginn dës Dossieren traitéiert? Wéi ginn d'Beweiser geséchert? Déi ukrainesch Mënscherechtsaktivistin an Direktesch vun der ONG "Center for Civil Liberties" Oleksandra Romantsova, déi 2022 mam Friddensnobelpräis ausgezeechent gouf, schwätzt am RTL-Interview iwwer de Krich an der Ukrain.
Déi, déi Krichsverbrieche begaangen hunn, déi, déi responsabel sinn, sollen zur Rechenschaft gezu ginn: dat ass d'Haaptprioritéit vum "Center for Civil Liberties". D'Membere vun där international unerkannter ONG fuerderen, datt d'Russesch Federatioun wéinst systematesche Verstéiss géingt d'Charta aus dem Weltsécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen ausgeschloss gëtt.
Zanter der russescher Invasioun vum Donbass a vun der Krim, also 2014, dokumentéieren d'Ekippe vum "Center for Civil Liberties" Krichsverbriechen. Eng Aarbecht, déi mat der grousser Offensiv am Februar 2022 schlagaarteg zougeholl huet. Geschafft gëtt mat deels ganz einfachen, awer moderne Mëttel.
D'Oleksandra Romantsova, Direktesch Center for Civil Liberties, erkläert:
"D’Enn vum Krich ofwaarden, sou gouf fréier geschafft. Haut kënnt der zu jidder Moment d’Situatioun an der Ukrain um Internet suivéieren. D’Leit hu Smartphones. Praktesch alles, wat wärend dësem Krich Russland géint Ukrain geschitt, gëtt gefilmt. Dat ass wierklech nei. Doduerch sinn och Krichsverbrieche vollstänneg dokumentéiert. Mir hunn direkt ugefaange mat schaffen. Zesumme mam Internationale Geriichtshaff. Si kënne sech de Fäll unhuelen. Si kënnen op ons Date-Basen zeréckgräifen. Mir schaffen och Hand an Hand mam Büro vum Procureur Général."
Déi Responsabel sollen, wann nëmme méiglech viru Geriicht kommen. Sou wéi deen 21 Joer ale russeschen Zaldot Vadim Chichimarine, deen am Juli 2022 am Appell wéinst dem Mord un engem 62 Joer alen ukraineschen Zivilist zu 15 Joer Prisong verurteelt gouf.
"Den Internationale Geriichtshaff wäert sech den décke Fësch unhuelen. Wéi de President Putin a säin Entourage. Si konzentréiere sech net op de Middle-Management vun der russescher Arméi, oder konkreet Zaldoten. Fir eis ass et awer ganz wichteg, datt déi d'selwecht verfollegt ginn", esou déi ukrainesch Mënscherechtsaktivistin.
Honnerten Temoignagë ginn den Ament opgeholl. Plazen op deene Krichsverbrieche geschitt sinn, gi gefilmt, dokumentéiert an archivéiert.
De Youri Pladko erzielt, wéi säin Duerf Makariv bei Kiew am Fréijoer 2022 vun de Russe bombardéiert gouf. Wéi hie mat eegenen Aen gesinn huet, wéi eng Artillerie-Granat nieft dem Haus ageschloen ass. Wéi säin Enkel a sengen Äerm verblutt ass. 132 ukrainesch Ziviliste goufen no der Offensiv an de Stroosse vu Makariv dout fonnt. Soubal se e Mënsch gesinn hunn, hätten d'russesch Zaldote geschoss. D'Aarbecht vun den Enquêteuren, vun de Mataarbechter vum Center for Civil Liberties ass et elo, d'russesch Unitéit z'identifizéieren, déi zu Makariv am Asaz war. Wa méiglech eenzel Zaldote viru Geriicht ze bréngen.
Um Internet-Site vum Center for Civil Liberties kann een a siwe Sproochen d'Situatioun ronderëm d'Krichsverbriechen an der Ukrain suivéieren.