Baisse ëm 0,25 Prozentpunkten
Europäesch Zentralbank dréint eng weider Kéier un der Zënsschrauf

© AFP (Archiv)
Et war domadder gerechent ginn. En Donneschdeg huet d'EZB eng weider Baisse vum Leetzëns bekannt ginn.
D'Europäesch Zentralbank dréint eng weider Kéier un der Zënsschrauf. De Leetzëns gëtt ëm weider 0,25 Punkten erofgesat a läit elo bei 3,0%. Dat hunn déi Responsabel vun der EZB en Donneschdeg zu Frankfurt matgedeelt. Et ass fir dëst Joer déi véiert Baisse.
Déi nächst EZB-Zënssëtzung ass fir den 30. Januar virgesinn.
Wat ass de Leetzëns?
De Leetzëns vun der Europäescher Zentralbank ass den Zënssaz, fir deen d'Banke vun der EZB Sue léine kënnen. D'Europäesch Zentralbank leet de Leetzëns fest a beaflosst d'Tauxen, déi d'Banken un hir Clientë weiderginn.
Am meeschte gelies