Mexiko wëll Noutfall-App fir Migranten an den USA ariichten
© AFP/Archiv/Guillermo Arias
Wéinst dem zukünftege President Trump senge Pläng fir Massenexplulsiounen plangt Mexiko, eng Noutfall-App fir mexikanesch Bierger an den USA anzeriichten.
De mexikaneschen Ausseminister Juan Ramón de la Fuente sot e Freideg viru Journalisten, Staatsbierger kéinten esou dat nächst mexikanesch Konsulat kontaktéieren, wa si kuerz virun enger Festnam duerch US-Autoritéite stéingen. Ausserdeem géifen de mexikaneschen Ausseministère an d'Famill vum Betraffenen eng Noriicht kréien.
D'App soll dem mexikaneschen Ausseminister no bis Januar prett fir den Asaz sinn. Den Donald Trump wäert säin zweet Mandat als US-President den 20. Januar untrieden. Illegal Migratioun war eent vun den Haaptthemen am Republikaner sengem Walkampf, wou hien ënnert anerem annoncéiert hat, d'Militär fir Massenexpulsiounen notzen ze wëllen.
Dem US-Institut Pew Research Center no hunn am Joer 2022 eng 4 Milliounen mexikanesch Migranten ouni Openthaltserlabnis an den USA gelieft.
Zesumme mat aneren Hierkonftslänner preparéiert sech Mexiko op déi nei Migratiounspolitik ënnert dem Trump. De mexikaneschen Ausseminister sot, an deem Kader géife Gespréicher mam Honduras a Guatemala lafen, fir weider Noutfallpläng am Fall vu Massenexpulsiounen ze hunn.