Parlament huet Euthanasie-Gesetz ugeholl

D'Recht op Euthanasie soll a Frankräich an Zukunft ënner strengen Oplage fir schwéier an onheelbar krank Leit disponibel sinn.
En Dënschdeg huet déi franséisch Assemblée nationale an der éischter Lecture den "Droit à l'aide à mourir" ugeholl. 305 Deputéiert hu fir d'Gesetz gestëmmt, 199 dogéint. De Projet de loi muss elo nach vum Senat gestëmmt ginn.
D'Recht op Euthanasie soll domat a Frankräich an Zukunft ënner strengen Oplage fir schwéier an onheelbar krank Leit disponibel sinn. Ausserdeem mussen déi Betraffen dauerhaft kierperlech oder psychesch ënnert hirer Kränkt leiden. Den Dokter géif dann e Mëttel verschreiwen, dat d’Patiente selwer anhuele sollen. Wann dat net méi méiglech ass, soll och en Dokter oder en Infirmier dat dierfe maachen.
An all Fall sollen e puer Persounen an d'Decisioun, ob et zur Stierfhëllef kënnt, mat agebonne sinn.
Kritiker soten awer, dass dat neit Gesetz Drock op krank Leit maache kéint, fir hirem Liewen en Enn ze setzen. De Premier François Bayrou hat sech am Virfeld schonn negativ iwwer d'Iddi vun esou eng Gesetzprojet geäussert.
De franséische President Emmanuel Macron hat den Text 2022 op de Wee bruecht.