Op Biller ass ze gesinn, wéi e Méindeg eng riseg Wollek aus Äschen, Gas a Steng aus dem Vulkan komm ass. Den Ausbroch huet am spéide Virmëtteg ugefaangen.

Dat mellt och offiziell den italieeneschen Institut INGV. Kuerz virdrun ass warscheinlech en Deel vum südëstlechen Krater a sech zesummegebrach an huet dunn den Ausbroch provozéiert.

Opnamen op Iwwerwaachungskameraen weisen "e pyroklastesche Stroum", deen ebe warscheinlech duerch dësen Zesummebroch ausgeléist gouf, erkläert d'Fuerschungsinstitut an enger Erklärung.

Wat si pyroklastesch Stréim?

Dës Stierm entstinn, wa Steng, Äschen a waarm Gase mat héijer Vitess d'Häng vum Vulkan erof katapultéiert ginn. Dëst Phänomen ass extrem geféierlech, deels liewensgeféierlech. Pyroklastesch Stréim hunn zum Beispill am 1. Joerhonnert no Christus d'Bewunner vu Pompeji an Herculaneum ëmbruecht.

RTL

© GIUSEPPE DISTEFANO AFP

D'Awunner sinn den Autoritéiten no a Sécherheet

Experten no besteet an dësem Fall awer keng Gefor fir d'Populatioun, erkläert de sizilianesche Regionalpresident Renato Schifani. De Vulkanausbroch gëtt den Autoritéiten no "mat extremer Virsiicht suivéiert". De Chef vum Zivilschutz Salvo Cocina huet d'Leit, déi an der Regioun an der Vakanz sinn, dozou opgeruff, d'Géigend ëm de Vulkan Ätna am Moment z'evitéieren.

Videoen, déi online publizéiert goufen, weisen ënnert anerem Touristen, déi en Hang vum Vulkan hektesch eroflafen. D'Autoritéiten hunn eng Warnung un d'Fluchgesellschafte publizéiert, d'Wollek, déi aus dem Vulkan erauskoum, soll deels bis zu enger Héicht vu 6,5 Kilometer héich geschoss sinn. De Fluchhafen zu Catania, an der Géigend vum Vulkan, ass awer opbliwwen.

Den 3.324 Meter héijen Ätna ass de gréisste Vulkan an Europa. Zënter op d'mannst 500.000 Joer scho brécht dësen aktive Vulkan reegelméisseg aus.