Engem Spidol no gouf et zwee Doudesaffer bei de Protester a Kenia. Si wieren duerch Schëss ëmkomm.

"Een hat eng Aschosswonn am Bauchberäich an ass un de staarke Bluddunge gestuerwen", esou e Responsabele vum Spidol vu Matu eng honnert Kilometer vun der Haaptstad Nairobi ewech. E weidert Affer wier an engem anere Spidol u senge Blessure gestuerwen.

Kenianesch Medie schreiwen, datt d'Police op d'Demonstrante geschoss hätt.

U sech hat alles mat engem friddleche Marsch, fir un d'Leit z'erënneren, déi virun enge Joer bei de Protester gestuerwe waren, ugefaangen. Ma wärend dem Marsch ass op eemol Gewalt ausgebrach. Dausende Leit hate sech zu Nairobi zesummefonnt an hunn de Récktrëtt vum President gefuerdert.

Wéi d'AFP schreift, wier et zu Tëschefäll tëscht den Demonstranten an der Police komm, wéi d'Demonstranten mat Steng op d'Poliziste gehäit hunn. Déi hunn Tréinegas a Gummigeschosser agesat, fir d'Mass vu Leit nees ënner Kontroll ze kommen. Op d'mannst ee Polizist a méi Demonstrante goufe blesséiert.

De President hat ordonéiert, datt d'Radio- a Fernseesender net live vun de Maniffen dierfte senden. Och d'Autoritéit fir d'Kommunikatioun am Land hat matgedeelt, datt dëst géint d'Verfassung géif verstoussen. Ma déi meescht Chaînen hu sech dovunner net ofhale gelooss.

Virun engem Joer waren d'Protester haaptsächlech wéinst der schlechter wirtschaftlecher Situatioun am Land esou wéi de geplangte Steiererhéijungen ausgebrach. Eng 60 Leit waren dobäi ëmkomm a vill weiderer goufe verhaft. Am Kenia ginn et vill Leit, déi sech géint de President Ruto stellen, deen 2022 gewielt gouf. Hien hat e séiere wirtschaftlechen Opschwong versprach.