Den António Guterres huet d'Friddensofkommes tëscht Ruanda a Kongo als wichtege Schrëtt fir eng dauerhaft Stabilitéit an der ganzer Regioun gewierdegt.

Den UN-Generalsekretär huet d'Friddensofkommes tëscht Ruanda a Kongo als wichtege Schrëtt hin zu enger dauerhafter Stabilitéit an der ganzer Regioun gewierdegt. "Dëst Ofkommes ass e wichtege Schrëtt hin zur Deseskalatioun, Fridden a Stabilitéit" an der Regioun, huet den António Guterres an der Nuecht op e Samschdeg erkläert. Donieft fuerdert hie béid Länner op, hir nei Verflichtunge "ganz z'erfëllen".

D'Ofkommes war e Freideg zu Washington a Presenz vum US-Ausseminister Marco Rubio vum ruandeschen Ausseminister Olivier Nduhungirehe a senger kongoleesescher Homologin Thérèse Kayikwamba Wagner ënnerschriwwe ginn. Béid Länner verflichte sech doran, hir Ënnerstëtzung fir arméiert Milizen ze stoppen. Den US-President Trump huet erkläert, duerch d'Vermëttlung am Konflikt hätte sech d'USA d'Aussiicht op "vill" kongoleesesch Buedemschätz geséchert.

D'M23-Miliz, déi vu Ruanda ënnerstëtzt gëtt, hat zanter Januar grouss Gebidder am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo ageholl, dorënner d'Provënzhaaptstied Goma a Bukavu. Déi kongoleesesch Regierung huet Ruanda reprochéiert, d'M23-Miliz direkt mat Zaldoten z'ënnerstëtzen an d'Buedemschätz vun den ëstleche Provënzen Nord- a Süd-Kivu ausbeuten ze wëllen.

Ruanda huet d'Reprochen zréckgewisen an der kongoleesescher Regierung virgeworf, d'Rebellegrupp FLDR z'ënnerstëtzen. Den UN no goufen am Konflikt Dausende Mënschen ëmbruecht.