Fliger fält riicht op eng italieenesch Autobunn
Zwou Persoune si gestuerwen, wéi e klenge Fliger op d'Autobunn an der Géigend vu Brescia an Norditalien gefall ass.
Eng Iwwerwaachungskamera huet déi schro Biller vun de leschten Amenter vum Vol festgehalen, wéi de Fliger op déi italieenesch Autobunn gefall ass.
Geschitt ass dat ganzt den Dënschdeg, 22. Juli, op enger staark befuerener Autobunn an der Géigend vun Azzano Mella an der Provënz Brescia, wou dee klenge Fliger bemol erofgefall an a Flamen opgaangen ass.
Géint 12.19 Auer war schwaarzen Damp vun der Plaz ze gesinn. Eng Rei Gefierer si stoe bliwwen, wärend anerer virsiichteg weidergefuer sinn.
Fir déi zwou Persounen am Fliger koum all Hëllef ze spéit, si waren op der Plaz dout. De Feierball direkt nom Accident huet zwee Autoe erwëscht, déi deen Ament laanschtgefuer sinn. Hei goufen och nach emol zwou Persoune blesséiert. Eng drëtt Persoun gouf blesséiert an an d'Spidol bruecht, fir do behandelt ze ginn.
D'Secouristen hu sech beméit, d'Feier ze läschen an d'Gebitt ze sécheren. D'Fuerbunn ass duerch de Pëtrol, deen ausgelaf ass, an d'Iwwerreschter vum Fliger onpasséierbar gewiescht.
D'stierflech Iwwerreschter vun den zwou Persounen am Fliger goufen aus dem Cockpit gebuergen. Lokal Medien hunn d'Affer méi spéit als de 75 Joer alen Affekot Sergio Ravaglia an déi 50 Joer al Anna Maria De Stefano identifizéiert. Déi italieenesch Autoritéiten ermëttelen, fir déi genee Ursaach vum Ongléck ze klären.