Hien ass wéinst ongewolltem Doutschlag, Kierperverletzung a geféierlechem Verhalen am Stroosseverkéier ugeklot ginn.

Wéinst engem déidlechen Autosaccident op der A60 an der Nuecht vum 3. Mee 2025 huet de Parquet zu Trier Uklo géint e 23 Joer ale Member vun der US-Arméi erhuewen. De Mann ass och nach ëmmer an Däitschland stationéiert. Beim Accident war eng 23 Joer jonk Fra an engem Seat Ibiza ëm d'Liewe komm, hir zwou 24 Joer al Matfuererinne goufe schwéier blesséiert.

Méi genee war de Beschëllegten mat sengem SUV bei Landscheid de falsche Wee op d'Autobunn eropgefuer an ass a Richtung Belsch gefuer. D'Police hat de Won nach vun Zeie gemellt kritt, mä en Accident konnt net verhënnert ginn.

Den SUV ass frontal mat engem Seat Ibiza kollidéiert, deen op der Autobunn a Richtung Wittlich ënnerwee war. D''Automobilistin am aneren Auto ass gestuerwen, zwou aner Persoune goufe schwéier verwonnt. De Geeschterfuerer gouf liicht blesséiert. Eng vu béide blesséierte Frae war esou uerg drun, dass d'Persoun nach huet mussen de selwechten Owend noutoperéiert gouf.

De schëllege Fuerer war um Owend vum Accident alkoholiséiert, de Blutttest huet e Wäert vun 1,42 Promill erginn. De Prozess wäert dann och vun der däitscher Justiz an net vun engem US-Militärgeriicht behandelt ginn. An dësem Fall huet de Parquet nämlech decidéiert, d’Zoustännegkeet zréckzehuelen. De Prozess soll also virun engem däitsche Geriicht sinn an d’Landgericht Tréier muss elo iwwer d’Zouloosse vun der Uklo entscheeden.

Den Ugekloten huet sech bis ewell net zu de Virwërf geäussert a gëtt aktuell an engem Prisong vun der US-Arméi festgehalen.