Den amerikanesche Rapper Sean "Diddy" Combs, hofft no senger Verurteelung wéinst Sexualdelikter, dass hie vum President Donald Trump begnodegt gëtt.

Wéi dem Combs seng Affekotin Nicole Westmoreland en Dënschdeg géigeniwwer der Tëleeschaîne CNN sot, hätt ee Kontakt mat der Trump-Administratioun opgeholl a Gespréicher iwwer d'Méiglechkeet vun enger Begnodegung an d'Weeër geleet.

Den Donald Trump hat an der Vergaangenheet ëmmer nees Gebrauch vu sengem Recht gemaach, fir als US-President Leit ze begnodegen. Allerdéngs huet hie sech dës Lescht negativ iwwer eng méiglech Begnodegung vum Combs geäussert. Géigeniwwer dem Fernseesender "Newsmax" sot den Donald Trump, dass hie sech fréier gutt mam Museker verstanen hätt. Allerdéngs hätt dëse sech am Virfeld vun a wärend de Presidentiellen ëmmer nees negativ iwwert de Republikaner geäussert. Op d'Fro, ob dat bedeite géif, dass et net zu enger Begnodegung kéim, huet den Trump "jo, dat géif ech soen", geäntwert.

D'Jury vum zoustännege Geriicht hat de Combs am Juli an engem spektakuläre Prozess an zwee vu fënnef Uklo-Punkte schëlleg geschwat. Ënner anerem soll hie Prostitutioun facilitéiert hunn. D'Ausmooss vun der Strof soll den 3. Oktober verkënnegt ginn.