Fréiere Sänger vun de Lostprophets Ian Watkins stieft no Attack am Prisong

Den Ian Watkins bei engem Optrëtt am Joer 2013 / © ATTILA KISBENEDEK / AFP
De fréiere Sänger vun der Band Lostprophets, den Ian Watkins ass no enger Attack am Prisong gestuerwen.
De Watkins gouf 2013 wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner zu enger Prisongsstrof vun 29 Joer verurteelt. E Samschdeg ass hien am Prisong zu Wakefield am Norde vun England vun engem anere Prisonéier attackéiert ginn. Wéi et vun der lokaler Police heescht, wier een e Samschdegmoie wéinst enger Attack am Prisong alarméiert ginn.
De Watkins gouf no der Attack op der Plaz fir dout erkläert. Hien ass schonn 2023 am Prisong ugegraff ginn. Deemools huet hie missen hospitaliséiert ginn.
De Watkins war de Sänger vun der Band Lostprophets. 2013 koum eraus, dass hie sech iwwer Jore sexuell u klenge Kanner vergaangen hat.