De Stempel, deen een un der Grenz oder um Fluchhafen a säi Pass gemaach kritt, kéint lues a lues verschwannen.

Dat op mannst mol fir Leit aus Drëttstaaten, déi an d'EU areese wëllen.

Vun e Sonndeg u gëtt nämlech un de Grenze vun der Europäescher Unioun eng nei Prozedur fir Net-EU-Bierger agefouert. Esouwuel d'Arees, wéi och d'Ausrees aus der EU soll digital erfaasst ginn. Dat soll net just méi iwwersiichtlech sinn, mee déi biometresch Donnéeën, ewéi zum Beispill Fangerofdréck, sollen der EU-Kommissioun no och hëllefen, d'Kriminalitéit ze bekämpfen.

Den Iwwergangszäitraum dauert en halleft Joer. Fir EU-Biergerinnen a -Bierger ännert sech awer näischt.