Trump a Putin wäerte sech an "den nächsten Deeg" gesinn

© Brendan Smialowski / AFP
Dem Kreml no hunn den US-President Donald Trump a säi russeschen Homolog en Treffen an noer Zukunft ausgemaach.
"D'Decisioun iwwer en Treffen tëscht dem Putin an dem Trump an den nächsten Deeg gouf getraff", sot den Assistent vum russesche President, Jurij Uschakow. "D'Parteien hu mam Ausschaffen ugefaangen."
Als Datum fir d'Entrevue géing d'nächst Woch viséiert ginn. Et wier awer nach onkloer, wéi laang d'Preparatiounen dauere géingen. Op eng Lokalitéit hätt ee sech awer scho gëeenegt, dës géing awer eréischt méi spéit bekannt gemaach ginn.
Op d'Propos vun den USA, fir en Dräier-Treffen tëscht dem Putin, dem Trump an dem ukrainesche President Selenskyj, wier de Kreml dem Uschakow no net agaangen. Scho virun der Annonce vun engem Sommet tëscht dem Trump an dem Putin hat de Selenskyj op en Neits eng perséinlech Entrevue tëscht him an dem Kremlchef gefuerdert. D'Ukrain hätt schonn e puer Mol betount, datt eng "richteg Léisung" vum Krich nëmmen um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe fonnt kéint ginn. Elo wier et néideg, "den Zäitpunkt fir esou e Format an den Ëmfang vun den Theemen, déi ze traitéiere sinn, festzeleeën".