Aussepolitesch unerkannt, national fragil

© AMREI SCHULZ / Photothek Media Lab / dpa Picture-Alliance via AFP
No 100 Deeg am Amt vum Bundeskanzler fält dem Friedrich Merz säin éischten Tëschebilan gemëscht aus. Nëmmen 30% sinn zefridde mat senger Aarbecht.
De Friedrich Merz ass am Mee 2025 mat grousse Verspriechen a seng nei Funktioun als Bundeskanzler gestart: eng méi dynamesch Wirtschaft, eng Reform vum Biergergeld, méi streng Reegelen an der Migratiounspolitik a massiv Investitiounen trotz Scholdebrems. D’Resultater si gemëscht.
„Illegale Migration halbiert, die Voraussetzung für Wachstum geschaffen, Steuern gesenkt, Energiekosten runter. Günstigeres bauen, Bürokratie abgeschafft, Mieten sollen wieder bezahlbar werden.“, sou de Fraktiounschef vun der Unioun Jens Spahn.
100 Deeg sinn nawell kuerz, fir de Succès vun enger Regierung ze moossen. Op den éischte Bléck fält di staark Verännerung vum Friedrich Merz op, dee virdrun nach keng Regierungserfarung hat, a vun engem schaarfe Kritiker aus der Oppositioun elo zu engem dach méi zréckhalenden a kompromëssbereeten Bundeskanzler ginn ass. D’Kooperatioun vun CDU/CSU an SPD klappt prinzipiell gutt, och wann et Ofstëmmungsbedarf a grousse Froe wéi de Waffeliwwerungen an Israel gëtt. An och bei der Nominatioun vun der Kandidatin fir d’Verfassungsgeriicht huet d’Koalitioun alles anescht wéi e gëeente Bild ofginn.
Vun de grousse Verspriechen, déi sou munches ännere sollten, gouf och scho villes ëmgesat – matten an international turbulenten Zäiten. An awer feelt et nach u politesche Verännerungen, déi déi däitsch Bevëlkerung direkt ënnerstëtze géingen.
An der Wirtschaftspolitik profitéieren d’Entreprisë vu Steiererliichterungen. Mä de Bürokratieofbau kënnt net richteg virun, an déi méi grouss Investitiounsprogrammer wäerten, de Previsiounen no, eréischt d'nächst Joer wierken.
Och beim sougenannten „Bürgergeld“ huet sech nach bal näischt gedoen. De Friedrich Merz hat méi streng Sanktiounen an eng grondleeënd Reform ugekënnegt – bis elo ouni konkret Ëmsetzung. Nëmme fir ukrainesch Flüchtlinge gëlle zanter kuerzem reduzéiert Prestatiounen.
Am wäitste gaangen ass d’Regierung an der Migratiounspolitik. Zënter Mee ginn et fest Grenzkontrollen, d’illegal Migratioun soll hallwéiert gi sinn. Den ugekënnegte Fënnef-Punkten-Plang bleift awer zum Deel Symbolpolitik: net all Moossnam ass juristesch oder praktesch ëmzesetzen.
Definitiv en neie Wee geet Schwaarz-Rout awer bei den Investissementer, duerch d'Opmaache vun der Scholdebrems an der Verfassung.
Oppe bleiwen dogéint zentral Froe vun der sozialer Gerechtegkeet. Ännerungen um Logementsmarché? Net ze gesinn. An engems maachen d’Fuerderunge vun der Union no méi laangen Aarbechtszäite vill Salariéen nervös. An der Lutte géint d’Altersaarmut weist d’Regierung bis elo bal keen Engagement. Grad wéi beim Klimaschutz a bei der Energietransitioun.
D’Leit an Däitschland si bis elo dann och net wierklech iwwerzeegt vun der aktueller Regierungspolitik. Nëmmen 30 Prozent sinn den Ament mam Kanzler Merz zefridden, däitlech manner wéi beim Olaf Scholz zur selwechter Zäit. Aussepolitesch unerkannt, mee national fragil – esou ass de Bilan no 100 Deeg.