Kuerz nom Depart vun der griichescher Insel Korfu op Düsseldorf hunn d'Piloten e Samschdeg en Alarm kritt, dass si e Problem mat enger Turbinn hätten.

Aenzeien hu Medieberichter no gesot, et hätt eng Kéier haart geknuppt, duerno wiere Flamen aus dem Motor komm. Condor preziséiert dogéint, et wier net zu engem Brand un der Turbinn komm. Trotzdeem wiere wéinst der Stéierung um Motor zäitweis Flamen ze gesi gewiescht. Condor schwätzt vun engem Problem mam Loftstroum bannendran.

No Récksprooch mat der Fluchsécherung ass de Condor-Fluch DE 3665 iwwer d'Adria geflunn a gouf 200 Kilometer méi wäit op de Fluchhafe vu Brindisi an Italien ëmgeleet, huet Condor matgedeelt.

281 Persoune waren u Bord, déi e Sonndeg mat enger Ersatzmaschinn vu Brindisi op Düsseldorf geflu gi sinn. De betraffene Fliger ass dogéint fir technesch Kontrollen an Italien bliwwen - d'Ursaach fir d'Stéierung gëtt den Ament nach ënnersicht.