Mat enger emouvanter Gedenkfeier hu Politiker a Polizisten zu Völklingen un de Polizist vu 34 Joer geduecht, dee virun zwou Wochen am Asaz erschoss gi war.

De presuméierten Täter vun 18 Joer, dee virdrun eng Tankstell iwwerfall hat an de Beamte mat sengem Kolleeg senger Déngschtwaff erschoss hat, sëtzt wéinst Mordverdacht zanter hir an Untersuchungshaft.

Viru knapp enger Woch war zu Saarlouis d'Begriefnis gewiescht. Op béide Plaze war d'Undeelnam grouss.

Déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger huet un der Zeremonie deelgeholl, geneesou de Landesinnenminister Reinhold Jost an de Bundesinnenminister Alexander Dobrindt. Och dobäi war de lëtzebuergeschen Innen- a Policeminister Léon Gloden.

RTL

© Ministère des Affaires intérieures