D'Lëtzebuerger Aktivistin war d'lescht Woch vun israeeleschen Autoritéiten um Wee Richtung Gaza gestoppt a festgeholl ginn.

D'Lëtzebuergerin Nora Rosa Fellens Huberty ass mat 170 aneren Aktivisten, déi op de Booter vun der Global Sumud Flotilla ënnerwee waren, vun den israeeleschen Autoritéiten expulséiert ginn. Dat huet Israel e Méindeg annoncéiert. D'Aktiviste sollen a Griicheland an an d'Slowakei bruecht gi sinn. An engem Communiqué vu March to Gaza heescht et, datt d'Nora Rosa Fellens Huberty hiren Informatiounen no e Méindeg de Mëtteg zu Athen soll gelant sinn. Bis elo konnt awer nach kee weidere Kontakt opgeholl ginn. Donieft wiere Mesure geholl ginn, fir si um Flughafen ze accueilléieren.

Déi juristesch Ekipp vun der Global Sumud Flotilla kritiséiert, dass d'Aktiviste kee Kontakt mat hiren Affekoten accordéiert kruten. Si sollen och déi essentiel Versuergung refuséiert kritt hunn, nodeems si festgeholl goufen. Dat huet de legalen Team vun der Flott e Méindeg de Mëtteg op engem Live-Briefing iwwert hiren Instagram-Kanal matgedeelt. D'Aktiviste sollen ouni hir Affekote vun den israeeleschen Autoritéiten an de Verhéier geruff gi sinn. Fir d'Affekote wier de Kontakt mat den israeeleschen Autoritéiten allgemeng ganz schwéier, wat d'Grondrechter vun den Aktiviste massiv violéiere géing.

D'lescht Woch hat Israel d'Flott vu Schëffer, déi mat Hëllefsgidder um Wee an d'Gazasträif waren, gestoppt an d'Aktiviste mat an Israel bruecht. Dorënner eben och eng Lëtzebuergerin. En Donneschdeg huet et vun israeelescher Säit geheescht, dass den Equipage an Europa soll ausgewise ginn. Ma och heizou hätt ee keng oder wéineg Informatiounen, kritiséiert de legalen Team vun der Global Sumud Flotilla. Verschidden Aktiviste wieren erëm an hirem Heemechtsland ukomm, ouni dass hir Affekoten eppes gesot kritt hätten. Doriwwer eraus gouf et um Online-Briefing och massiv Kritik um Ëmgang vun den israeeleschen Autoritéite vis-à-vis vun den Aktivisten.

"Si kruten et net erlaabt hir Medikamenter ze huelen. Hir Medikamenter sinn einfach ewech geheit ginn. Déi ganz Serie vu Violatiounen huet also direkt domadder ugefaangen, dass hir medezinesch Besoinen net assuréiert goufen.
Mir hunn och Temoignagen iwwer kierperlech Gewalt. Mir hunn d'Aussoe vun Aktivisten, déi iwwer Policegewalt beriichten."

Ënner anerem sollen d'Aktiviste gezwonge gi si mat de Knéien an den Ielebéi um Buedem ënnert der Sonn ze waarden oder Fotoe mam Israeelesche Fändel ze maachen. Israel huet sech zu dëse Virwërf net ausgeschwat.