Virum Cap VertAir Rescue ënnerstëtzt Evakuatioun vu Croisièresschëff no Ausbroch vun Hanta-Virus

RTL Lëtzebuerg
Nom presuméierten Hanta-Virus-Ausbroch u Bord vum Croisièresschëff MV Hondius virum Cap Vert ass d'Lëtzebuerger Air Rescue am Asaz, fir zwee Patienten ze evakuéieren.
D'Lëtzebuerger Air Rescue ass en Dënschdeg an e Mëttwoch am Asaz, fir zwee Patienten erauszefléien.
© Pit Rhein / LAR

Nom presuméierten Ausbroch vum Hanta-Virus op engem Croisièresschëff virum Cap Vert, un deem schonn dräi Persoune solle gestuerwe sinn, ass d'Lëtzebuerger Air Rescue elo zwee Deeg am Asaz, fir zwee Patienten erauszefléien. RTL-Informatiounen no ass virgesinn, en Dënschdeg op d'Plaz ze fléien an e Mëttwoch nees zréck.

U Bord gëlle strikt Hygiènes- a Sécherheetsmesuren. Déi Krank géifen isoléiert a medezinesch betreit ginn, heescht et vun der Plaz.

D'MV Hondius war vun Ushuaia an Argentinien a Richtung vum Cap Vert virun der Côte vu Westafrika ënnerwee. 149 Persoune sollen sech aktuell nach u Bord befannen.

Den Hanta-Virus kann eng schwéier Erkrankung vun den Otemweeër ausléisen. Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no géif et awer nom Ausbroch vum Hanta-Virus um Schëff kee Grond ginn, fir sech Suergen ze maachen, d'Gefor fir déi allgemeng Populatioun wier weider geréng.

Back to Top
CIM LOGO