
Dräi Persoune si scho gestuerwen. "Fir d'Bevëlkerung vu Cap Vert ze schützen", dierften d'Passagéier vun der MV Hondius net vu Bord goen, esou eng Spriecherin vun de lokale Gesondheetsautoritéiten an engem Radiosinterview. D'Entreprise Oceanwide Expeditions, déi d'Croisière organiséiert, huet doropshin erkläert, datt déi 149 Persounen, déi u Bord sinn, méiglecherweis op de Kanaren d'Schëff kéinte verloossen.
Nom presuméierten Ausbroch vum sougenannten Hantavirus, dee schwéier Erkrankunge vun den Otemweeër ausléise kann, waren dräi Passagéier gestuerwen. Der AFP no ass eent vun den Affer een däitsche Staatsbierger. Ee positiv geteste Passagéier läit zu Johannesburg a Südafrika op der Intensivstatioun, donieft wieren zwee weiderer Passagéier krank a bräichten dréngend medezinesch Behandlung, sou déi hollännesch Operateure vun der Kräizfaart. D'Autoritéiten aus Holland beméie sech zesumme mat hinnen ëm eng medezinesch Evakuéierung. Dozou mussen déi Betraffe fir d'éischt u Land bruecht ginn.
Iwwerdeems betount d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO, dass et nom Ausbroch vum Hantavirus kee Grond géif ginn, sech Suergen ze maachen. D'Gefor fir déi allgemeng Populatioun wier weider geréng, huet de WHO-Regionaldirekter fir Europa Hans Kluge verlaude gelooss. Et géif kee Grond zur Panik oder fir Reesbeschränkunge ginn. D'MV Hondius war vun Ushuaia an Argentinien a Richtung vum Cap Vert virun der Côte vu Westafrika gefuer.
U Bord gëlle strikt Hygiènes- a Sécherheetsmesuren. Déi Krank géifen isoléiert a medezinesch betreit ginn, heescht et vun der Plaz. Well d'MV Hondius net um Cap Vert dierf stoe bleiwen, soll d'Schëff viraussiichtlech op d'Kanaresch Insele weiderfueren. Aktuell gëtt gepréift, ob d'Passagéier op Las Palmas oder Teneriffa vu Bord dierfe goen.
Normalerweis gëtt den Hantavirus iwwer d'Ausscheedunge vun Nagedéieren iwwerdroen a léist schwéier Erkrankunge vun den Otemweeër aus. A seelene Fäll ass der WHO no och eng Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch méiglech.