Gléck am Ongléck haten d'Passagéier vun enger Boeing 767-400, déi e Sonndeg um Fluchhafen Newark zu New York zur Landung ugesat hat. De Fliger hat dobäi mat sengem Fuerwierk e Potto vun enger Stroossebeliichtung getraff.
D'Maschinn, déi mat 231 Persounen u Bord vu Venedeg komm war, konnt nom Tëschefall awer ouni Problemer landen. D'Fuerwierk a Stécker vum Potto hunn e Camion vun enger Bäckerei getraff, deen zu deem Moment um Highway no laanscht de Fluchhafen ënnerwee war. De Chauffer ass dobäi liicht blesséiert ginn.
Déi concernéiert Landepist fänkt ronn 120 Meter nieft der vill befuerener Strooss un, sou dass et net seelen ass, datt Fligere just knapps iwwert den normale Stroosseverkéier ewechfléien. D'Crew, där den Tëschefall net opgefall war, ass bis op Weideres aus dem Déngscht geholl ginn.
D'Fluchopsiicht an och d'Airline hunn eng grëndlech Ënnersichung vum Virfall annoncéiert. De Fluchlotsen no wier e Lach an der Säit vum Fliger gewiescht. D'Gouverneurin vun New Jersey Mikie Sherrill war erliichtert, dass de Fliger sécher lande konnt a Kengem u Bord e Leed geschitt ass.