Iwwer 60 Blesséierter China: Op d'mannst 21 Doudeger, nodeems Fabrick fir Freedefeier explodéiert

RTL mat AFP
Op d'mannst 21 Leit si bei enger Explosioun an enger Freedefeier-Fabrick a China ëm d'Liewe komm, wärend 61 weider Persoune blesséiert goufen an d'Autoritéiten eng grouss Rettungsaktioun lancéiert hunn.
D'Stad an der Provënz Hunan gëllt als den Haaptstanduert fir d'Produktioun vu Freedefeier a China.
© CHEN SIHAN/Xinhua via AFP

Bei enger gréisserer Explosioun an enger Fabrick fir Freedefeier zu Liuyang a China sinn e Méindeg offiziellen Donnéeë no op d'mannst 21 Leit gestuerwen, 61 weider Persoune goufe blesséiert. D'Autoritéiten hu 480 Sekuristen op d'Plaz geschéckt an et gouf eng Kontrollzon vun dräi Kilometer ageriicht, fir d'Sécherheet vun den Awunner ze garantéieren.

Biller a Videoen op sozialen Netzwierker weisen, wéi gewalteg d'Explosioun an d'Dampwollek waren. Op Dronenopnamen huet een och d'Ausmooss vum Schued gesinn: iwwerall Gestécks a Sekuristen, déi mat Baggeren d'Gebitt duerchsichen.

D'Police huet de Virstand vun der Fabrick festgeholl an d'Ermëttlungen opgeholl. Dem staatleche Sender CCTV no huet de chineesesche President Xi Jinping "vollen Asaz" bei der Hëllef an der Sich no Vermësste gefuerdert. Hien huet och verlaangt, datt déi Verantwortlech zur Rechenschaft gezu ginn.

Liuyang produzéiert ongeféier 60 Prozent vum Freedefeier, dat am Land verkaf gëtt, a 70 Prozent vun deem, wat exportéiert gëtt. Domadder ass d'Stad an der Provënz Hunan den Haaptstanduert fir d'Produktioun vu Freedefeier a China.

Leider sinn esou Accidenter net seelen, well d'Sécherheetsnormen an de Betriber dacks net agehale ginn. Am leschte Joer huet eng Explosioun an enger Fabrick fir Freedefeier an der selwechter Provënz schonn néng Leit d'Liewe kascht. Weider Explosioune mat Doudesaffer gouf et am Februar an de Provënzen Hubei an Jiangsu, wou insgesamt 12, respektiv aacht Persounen ëm d'Liewe koumen.

Back to Top
CIM LOGO