11 Joer no Terrorattacken zu ParäisFrankräich gedenkt den Affer

Kyra Feiereisen
E Freideg sinn zu Paräis a Saint-Denis eng Rei Zeremonië geplangt fir den Affer vun den Attentater ze gedenken.

E Freideg sinn et genee 11 Joer hier, datt Paräis vun enger Rei Terrorattacke getraff gouf. Den 13. November 2015 hunn Terroriste vum IS op verschiddene Plazen an der franséischer Haaptstad zougeschloen. Et waren déi déidlechst Terrorattacken, déi Frankräich bis dohi kannt hat.

D'Attentäter haten ënner anerem d'Concertshal Bataclan, verschidde Caféen a Restauranten an der Stad souwéi d'Géigend vum Stade de France zu Saint-Denis am Viséier. Eleng am Bataclan, wou deen Owend e Concert stattfonnt huet, goufen 90 Mënschen ëmbruecht. D'Attacken hunn 130 Mënschen d'Liewe kascht, honnerte goufe blesséiert an zwou weider Persounen hu sech an de Joren dono d'Liewe geholl.

Fir un d'Affer z'erënneren, ginn e Freideg zu Paräis a Saint-Denis verschidde Gedenkzeremonien ofgehalen. Familljememberen, Iwwerliewender a Vertrieder aus der Politik kommen op deene Plaze zesummen, wou d'Attentater deemools geschitt sinn.

Wéinst den Zeremonien huet d'Paräisser Police an de betraffene Quartiere Sécherheetsperimeteren ageriicht. Besonnesch am 10. an am 11. Arrondissement ass den Zougang zu verschiddene Stroossen zäitweis ageschränkt.

Fir owes ass eng ëffentlech Gedenkveranstaltung am Jardin du Souvenir geplangt. De Gedenkpark gouf d'lescht Joer fir den zéngten Anniversaire vun den Attacken ageweit.

D'Fonds de garantie des victimes hunn en Donneschdeg matgedeelt, datt si méi wéi 3.100 Affer vun den Attentater vum 13. November 2015 betreit hunn an och méi wéi ee Joerzéngt no den Evenementer hir Aarbecht fir d'Entschiedegung an d'Ënnerstëtzung vun den Affer weiderféiert.

D'Attentater vu Paräis waren Deel vun enger Rei islamistescher Terrorattacken an Europa. Schonn am Januar 2015 war d'Redaktioun vun der Satirezäitschrëft Charlie Hebdo attackéiert ginn. An de Joren dono huet den IS och zu Bréissel, Berlin a Barcelona zougeschloen. Als Reaktioun hunn eng Rei europäesch Länner hir Sécherheetsmesurë verschäerft.

Back to Top
CIM LOGO