Interview mat IT-ExpertStéierung bei Microsoft géif weisen, dass Betriber e Plang B brauchen

Gilles Hoffmann
Déi aktuell Problemer bei Microsoft suerge bei ville Firmen, och zu Lëtzebuerg, fir gréisser Problemer. Fir de Loïc Beurlet, Customer Service Director bei der BCE, weist de Virfall, wéi wichteg et wier, net vun engem eenzegen Ubidder ofhängeg ze sinn.
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Zanter en Donneschdegowend gëtt et Problemer bei verschiddene Microsoft-Servicer. Betraff sinn ënner anerem Teams an den E-Mail-Service Outlook. Maile verschécken, oder iwwer Teams kommunizéieren, ass deelweis net, oder nëmmen ageschränkt méiglech.

“Et ass absolutt e weltwäite Problem“, erkläert de Loïc Beurlet am Interview. No den Informatiounen, déi zum Zäitpunkt vum Interview virlouchen, géif d’Ursaach an der interner Infrastruktur vu Microsoft leien. Et géifen deemno keng Indicen op eng Cyberattack ginn. Den Interview ass géint 11 Auer gefouert ginn, zu engem Zäitpunkt, wou Microsoft éischt Besserungen annoncéiert huet.

Weltwäit Stéierung bei E-Mail-Déngscht Microsoft Outlook - Stand 12 Auer
Eng massiv Stéierung bei Outlook vum US-Tech-Konzern Microsoft huet en Donneschdeg Zéngdausende User Probleemer gemaach, op hir Mailen zouzegräifen.

Net alles op eng Infrastruktur opbauen

Dass vill Betriber hir Servicer vun engem eenzegen Ubidder bezéien, hätt am Alldag Virdeeler: D’Produite wiere gutt matenee vernetzt a praktesch ze benotzen. Fält deen dann awer aus, ass direkt e groussen Deel vun den Aktivitéite betraff.

Fir de Loïc Beurlet missten Entreprisen dofir, hir Ofhängegkeeten analyséieren an alternativ Kommunikatiounsweeër an esou Fäll virgesinn. Als Beispill nennt hien déi national Léisung LuxChat. Entscheedend wier e Backup-Plang, mat deem e Betrib och bei enger Stéierung esou gutt wéi méiglech weiderschaffe kann.

De kompletten Interview mam IT-Expert Loïc Beurlet

Microsoft géif versichen, elo d’Servicer nees lues a lues un d’Goen ze kréien a versichen, Dateverloschter ze verhënneren. Betriber, deenen hir Aktivitéit beanträchtegt ass, sollten elo op hir Noutfallpläng an aner Kommunikatiounsweeër zeréckgräifen. Privatleit, déi net dréngend op d’Servicer ugewise sinn, sollen, wann d’Problemer behuewe sinn et nach eng Kéier probéieren, esou de Loïc Beurlet.

Back to Top
CIM LOGO