Verhandlungen iwwer Enn vum KrichD'E5-Länner an d'EU vertrieden Europa bei den Ukrain-Gespréicher

AFP, iwwersat vun RTL
De Luc Frieden hat sech jo fir de Rotspresident Costa als europäesche Vertrieder bei de Gespréicher ausgeschwat.
De Rotspresident Costa am Gespréich mam franséische Staatschef Macron um informellen EU-Sommet zu Dublin.
De Rotspresident Costa am Gespréich mam franséische Staatschef Macron um informelle Sommet zu Dublin.
© THOMAS SAMSON/AFP

D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU si sech eens, wien Europa bei de Gespréicher iwwert en Enn vun Ukrainkrich vertrëtt. Wéi den EU-Rotspresident Antionio Costa e freideg no dem informellen EU-Sommet zu Dublin sot, wäert dat "europäescht Verhandlungsteam fir de Fridden an der Ukrain" aus "den Institutioune vun der Europäescher Unioun an den E5 bestoen".

Bei de sougenannten E5-Länner handelt et sech ëm Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Polen.

Bei den EU-Institutiounen wäert et sech ëm d'EU-Kommissioun an den EU-Rot handelen, esou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen, déi iwwerdeems betount huet, dass een d'Ukrain weider ënnerstëtzen an déi eegen Interesse schütze géif.

Nodeems d'USA Gespréicher tëscht der Ukrain a Russland vermëttelt huet, gouf an der EU verstäerkt doriwwer diskutéiert, wie bei dësen Diskussioune fir Europa mat um Dësch sollt sëtzen. Wärend kleng Memberlänner an d'EU-Institutioune sech fir d'EU-Ausseboptraagt Kaja Kallas oder de Rotspresident Costa ausgeschwat hunn, wollte grouss Memberstaate wéi Däitschland oder Italien selwer Ënnerhändler op d'Verhandlunge schécken.

Back to Top
CIM LOGO