
Op hirem informellen Treffen e Freideg zu Dublin an Irland si sech 27 EU Staats- a Regierungscheffen och doriwwer eens ginn, wien Europa soll vertrieden an zwar d'EU-Kommissioun an de Conseil, mee virop déi 5 grouss europäesch Länner Frankräich, Däitschland, Italien, Polen a Groussbritannien.
Dem Premier Luc Frieden no sinn d'Verhandlunge bis elo – mat Ausnam vun engem Prisonéieraustausch – "iwwerhaapt net virukomm" an hie gesäit och keng Fortschrëtter "à court terme", well Russland seng Bombardementer net géing stoppen. "Et wäerte laang a schwiereg Verhandlunge ginn", esou de Premier.
Effektiv gesäit ee schlecht, ewéi et Fridde kéint ginn, well Russland ënnert anerem u sengen territoriale Fuerderunge festhält, mee d'Ukrain an d'EU keng Konzessioune wëlle maachen. De Luc Frieden huet awer vu grousser europäescher Eenheet geschwat, notamment och wat d'finanziell Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ugeet. Mee virun allem steet d'EU zu de Prinzippie vun der UNO-Charta, dorënner dem Respekt vun der territorialer Integritéit.
Um informellen Treffen zu Dublin hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffe sech besonnesch mat der kënschtlecher Intelligenz befaasst. D'EU wier sech bewosst, datt déi Risiken duerstellt, mee och Opportunitéiten. Se huet sech virgeholl, d'Reegele vun der KI mat ze decidéieren an net vun Amerikaner oder Chinesen imposéiere loossen, an datt d'KI sech net selwer entwéckelt, mee dat vu Mënsche gemaach gëtt, esou de Luc Frieden.