
A wann et domat net scho genuch wier, kennt elo nach eng zweet Affär ma enger Mataarbechterin dobäi. Wat ass iwwert déi Situatioun gewosst? De Louis Galowich vun der RTL-Econews-Ekipp gëtt Erklärungen.
Wéi geet et no dem Depart vum Jensen Huang mat Nvidia weider?
Déi do Geschicht stoung definitiv net op deene meeschte Leit hirer Bingokaart fir dëst Joer. Den Jensen Huang soll eng Affär gehat hu mat enger Fra, déi ënner Verdacht steet, Nvidia Chippen a China ra geschmuggelt ze hunn. Zanter 2022, bestinn nämlech Exportrestriktiounen op verschidden Nvidia Computerchippen Richtung China. Well an der Course ronderëm d’Entwécklung vu Kënschtlecher Intelligenz sti sech déi zwou Natiounen als Konkurrente géigeniwwer.
Dës Weidere soll d’Fra vum chineesesche Staat beoptraagt gi sinn, fir sensibel Informatioune vun Nvida ze sammelen. Den Jensen Huang muss sech elo enger Enquête vum US-Kongress stellen, déi sech méi genau mat der Situatioun befaasst.
An déi zweet Affär mat enger Mataarbechterin huet d’Faass dann zum iwwerlafe bruecht. En Donneschdeg ass de Jensen Huang dann och net méi Chef vun Nvidia.
Dat do ass e battere Schlag fir Nvidia: den Jensen Huang ass nämlech eng zentral Persoun vun dem Tech-Konzern gewiescht. Hien huet d’Entreprise 1993 matgegrënnt an ass zanterhier de Chef gewiescht. Ufanks war et e klenge Betrib, dee relativ Niche Computergraphics-Komponenten hiergestallt huet, an haut ass et de weltwäite Leader fir KI-Chippen. Wärend aner Grënner lues awer sech Responsabilitéiten ofginn, war den Huang bis zu sengem Depart an all Aspekter vu senger Entreprise bedeelegt.
De Verwaltungsrot huet elo en Interim CEO ernannt, zwar d’Finanzcheffin vun Nvidia, d'Colette Kress.
D‘Sich no engem neie Kandidat fir den héchste Poste gëtt definitiv net einfach. Nvidia selwer huet nach näischt ugekënnegt, spekuléiert gëtt awer scho mol. D‘Lisa Siu vum Konkurrenzkonzert AMD ass eng méiglech Kandidatin, de Rene Haas, Chef vun ARM Holding, géing duerch seng enk Partnerschaft mat Nvidia och a Fro kommen. Mee och intern Kandidate ginn ernimmt, wéi den Ian Buck, den aktuell Vize-President vum Service fir Daten Zentre bei Nvidia ass. Den Trump huet sech dozou och schonn zu Wuert gemellt a seet de fréie Chef vun Apple, den Tim Cook soll iwwerhuelen. Ween et schlussendlech gëtt bleift ofzewaarden.
Nee, dat definitiv net. Den Depart vum Huang gouf bekannt gemaach, kuerz ier d’Bourse zu New York opgaangen ass. Nvidia ass do dann direkt 12 Prozent gefall. Wéi Bourse dunn zou war, war et just nach e minus vu X. An trotzdeem weist et awer, wat fir een Impakt den Huang hat. Wien un Nvidia denkt, denkt och un den Huang mat senger Liederjackett. Mee et kann een der Saach dann awer net ze vill notraueren, en ass et sech jo selwer siche gaangen.