
Wéi d'Police schreift, war hinnen en Donneschdeg géint 21:15 Auer e Sträit tëscht e puer Leit zu Déifferdeng gemellt ginn. Hei hat e Passant probéiert, eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen ze schlichten. Doropshi gouf de Passant awer vun engem vun de Bedeelegte mat engem Messer blesséiert. Méi spéit ass de Blesséierten op de Policebüro gaangen, fir de Virfall ze mellen. Am Kader vum Asaz konnt ee Verdächtegen an engem Café an der Avenue de la Liberté ugetraff ginn. D'Police huet Ermëttlungen zu de geneeën Ëmstänn vum Sträit opgeholl.
E weidere Sträit gouf et iwwerdeem géint 7:20 Auer e Freideg an der Cité Waarkdall zu Waarken. Hei hat e Mann an enger Wunneng randaléiert, Géigestänn futti gemaach a sech dono eleng verschanzt. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hat de Mann e Messer an der Hand a wollt dës trotz Opfuerderung net ewechleeën. Doropshin hunn d'Beamte Verstäerkung ugefrot. No enger Zäit huet de Mann d'Messer dunn awer fräiwëlleg ofginn a konnt vun de Polizisten ënner Kontroll bruecht ginn. Hie koum fir eng Kontroll an e Spidol.
Donieft mellt d'Police nach e puer Fäll vun Leit, déi ze vill gedronk haten an doduerch an den Arrest koumen.
An engem Fall gouf d'Police géint 12:30 Auer wéinst engem Sträit an e Buttek an der Rue de Chiny am Garer Quartier geruff. Hei hat e Mann eng Fläsch geklaut. Wéi dësen de Buttek verloosse wollt, huet hien d'Personal wechgestouss an aner Leit menacéiert. Op der Plaz hunn d'Beamten zwou staark alkoholiséiert Persounen ugetraff. Ee vun deenen zwee koum wéinst sengem Zoustand no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
Dee selwechten Nomëtteg haten zwee Männer op engem Busarrêt an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg mat Fläsche ronderëm sech geheit a ware mat anere Leit uneneegeroden. Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, waren déi Zwee staark alkoholiséiert an onkooperativ. Och si hunn d'Nuecht um Policebüro verbruecht.