
Ewéi den Donald Trump 2016 d’Presidentielle géint d’Hillary Clinton gewonnen huet, war d’Opreegung grouss, alleguer d’Experte louche mat hire Prognosen donieft. Allerdéngs muss ee soen, dass d’Experten net total donieft louchen. Et haten tatsächlech méi Amerikaner fir d’Hillary Clinton gestëmmt, ewéi fir den Donald Trump. Trotzdeem gouf de Republikaner um Enn amerikanesche President. Ma wéi ass et eigentlech dozou komm?
Tatsächlech war 2016 net déi éischte Kéier, dass e Kandidat President gouf, deen eigentlech vu manner Leit gewielt gouf. Bis ewell ass dat an der Geschicht vun den amerikanesche Presidentielle scho fënnef Mol virkomm:
Dass de Kandidat, dee manner Stëmme krut, ka President ginn, ass de groussen Nodeel vum System, mat deem den amerikanesche President gewielt gëtt. Dat passéiert iwwert de sougenannten “Electoral College”. Am éischten Deel vun eiser Serie hu mir gesinn, ewéi den Electoral College funktionéiert. Hei nach eng Kéier e kuerzen Iwwerbléck vun den Haaptpunkten:
Wann ee verstoe wëll, firwat et méiglech ass, mat manner Wielerstëmmen amerikanesche President ze ginn, si virun allem déi zwee lescht Punkten zentral.
Ugefaange mam Fait, dass all Staat onofhängeg vu senger Awunnerzuel op d’mannst 3 Walmänner zegutt huet. Dat féiert dozou, dass Wieler aus klenge Staate géigeniwwer Wieler aus grousse Staaten iwwerrepresentéiert sinn. E Beispill dierft kloer maachen, wat gemengt ass:
A Kalifornien, dem US Bundesstaat mat de meeschten Awunner, hu bei de leschte Presidentiellen, also 2020 17.500.881 Leit gewielt. Vue dass Kalifornien 54 Walmänner huet, kommen op ee Walmann ronn 324.090 Wieler. Op der anerer Säit hunn am Wyoming - also deem Staat mat de mannsten Awunner - 276.765 Wieler ofgestëmmt. Bei 3 Walmänner, vertrëtt ee Walmann aus dem Wyoming also 92.255 Wieler. Mat anere Wieder hunn 92.255 Wieler aus Wyoming also genee esou e groussen Afloss drop, wien amerikanesche President gëtt, ewéi 324.900 Kalifornier.
Wann ee sech dann nach kloer mécht, dass e Kandidat, deen an engem Bundesstaat d’Majoritéit kritt, alleguer d’Walmänner an deem Bundesstaat kritt, ass kloer, wéi e Kandidat ka President ginn, obwuel e manner Wielerstëmme krut: Hie muss nëmmen a genuch Bundesstaaten déi am Electoral College iwwerrepresentéiert sinn, knapp genuch gewannen.
Am Extreemfall kann een esouguer amerikanesche President ginn, obwuel nëmme ronn 23 Prozent vun de Leit fir ee gewielt hunn. Dat wier bei de Walen 2021 theoretesch méiglech gewiescht.
Dass dëse Fall a Realitéit antrëtt, ass a Realitéit quasi ausgeschloss. Dat, well e Kandidat dofir och misst a Staate gewannen, déi historesch zanter Joerzéngte fest an der Hand vun der géignerescher Partei sinn. Ma trotzdeem stellt de Fait, dass ee mat manner Wielerstëmme ka President ginn, aus enger demokratesch-normativer Vue e Probleem duer. Dat aus e puer Grënn: Éischtens bedeit, de Fait, dass Wieler aus Staate mat manner Awunner proportionell gesinn, méi Afloss am Electoral College hunn, dass d’Stëmme vu verschiddene Wieler méi wäert sinn, ewéi déi vun aneren. An och wann et an de Fäll, an deene bis ewell de Kandidat mat manner Wielerstëmme gewonnen huet, nëmmen ëm e puer Prozent goung, huet dann an absolutten Zuelen awer vill Stëmmen ausgemaach. 2016 krut d’Hillary Clinton “nëmmen” 2,1 Prozent méi Wielerstëmmen, ma dat waren 2.868.686 Leit méi, déi si als Presidentin wollten, ewéi den Donald Trump.