No Seelbunn-AccidentAn Italien lafen d'Ermëttlungen um Lago Maggiore op Héichtouren

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Kabinn e Sonndeg ofgestierzt ass, si 14 vun de 15 Persounen, déi dra souzen, ëm d'Liewe komm.

Nom tragesche Seelbunn-Accident um Lago Maggiore lafen d’Ermëttlungen op Héichtouren.

Nieft dem Rass vun engem Kabel muss och ënnersicht ginn, wisou d’Noutbrems an der ofgestierzter Kabinn net funktionéiert huet. Dat war an der Zeitung “La Stampa” ze liesen.

Wéi d’Kabinn e Sonndeg ofgestierzt ass, si 14 vun de 15 Persounen, déi dra souzen, ëm d’Liewe komm.

Ee 5 Joer ale Jong befënnt sech och e Méindeg nach am Spidol a Liewensgefor.

Ob de Jong iwwerlieft, weist sech de Responsabele vum Spidol zu Turin no, an de nächsten Deeg. E Méindeg de Moie war e Jong vu 9 Joer nom Ongléck un senge schwéiere Blessure gestuerwen.

Der Buergermeeschtesch vu Stresa no huet sech d’Gondel kuerz virun der Arrivée ob eemol nees no hanne beweegt.

An der italienescher Press ass ze liesen, dass d’Kabinn ëmmer méi séier ginn ass, bis se widder e Potto gerannt ass. Doropshin ass d’Gondel 15 Meter an d’Déift gefall.

Italien: Seelbunn beim Lago Maggiore erofgefall, 14 Leit ëm d’Liewe komm

Back to Top
CIM LOGO