Den Ausseminister Xavier Bettel ass en Dënschdeg op Aarbechtsvisitt an Zypern. An dësem Kader kucke mer op d’Mëttelmierinsel an hir rezent Geschicht.
D’Insel Zypern ass mat 9.250 Quadratkilometer just e bëssi méi grouss wéi Korsika a läit am ëstleche Mëttelmier, just 75 Kilometer vun der Tierkei ewech. Ongeféier 1,3 Milliounen Awunner liewen do.
Gedeelt ass d’Insel an e südlechen an an en nërdlechen Deel. Am südlechen Deel si 95 Prozent vun den Awunner sougenannten Zypern-Griichen a majoritär orthodox Chrëschten. Am Norde sinn dann 98 Prozent vun den Awunner sougenannt Zypern-Tierken an hu majoritär de muslimesche Glawen. Insgesamt sinn dann iwwer 70 Prozent vun den Zypriote griichesch Zyprioten.
No laanger brittescher Kolonialherrschaft gouf Zypern am Abrëll 1960 eng onofhängeg Republik, a Member vun der UNO.
Virun der Onofhängegkeet hat Groussbritannien d’Volleksgruppen ëmmer nees géinteneen ausgespillt. Scho virun der Besetzung gouf et awer schonn de Wonsch bei Zypern-Griichen, vun enger Annexioun u Griicheland. Bekannt ënner dem Term Enosis, wat souvill wéi Vereenegung bedeit. Nodeems 1967 a Griicheland d’Militärjunta un d’Muercht komm ass, ass den Zousproch fir dës Iddi awer erofgaangen. D’Zypern-Tierken hunn dogéint fir d’Sécherung vum Status Quo gekämpft. Ëmmer méi och fir Taksim, wat iwwersat aus dem Arabesche fir eng Separatioun steet.
Schonn Enn 1963 koum et zu biergerkrich-änlechen Zoustänn, well den éischte gewielte Präsident vum Land d’Rechter vun den Zypern-Tierken agrenze wollt. 1964 huet d’UN e Friddenstrupp op d’Insel geschéckt, dee bis haut do ass. Dëse Konflikt huet zu tierkesch-zyprioteschen Enklave gefouert, an de Grondstee fir de spéideren Deelungsprozess geluecht.

Am Summer 1974 koum et zu engem Putsch vu griichesch-zyprioteschen Offizéier géint déi zypriotesch Regierung, gesteiert vun der griichescher Militärjunta. Dësen hat keen dauerhafte Succès. Als Reaktioun dorop huet d’Tierkei awer militäresch intervenéiert an um nërdlechen Deel bal 40 Prozent vun der Fläch vun der Insel ageholl. An den nächsten 12 Méint sinn eng 200.000 Zypern-Griiche vum Norden an de Süde geflücht, an eng 40.000 Zypern-Tierken an déi aner Richtung. Zanterhier sinn och ongeféier 80.000 Tierken do ugesiddelt, an eng 35.000 tierkesch Zaldoten do stationéiert ginn.
Dëse Status quo huet sech festgesat. D’Republik Zypern am Süden. An d’tierkesch Republik Nordzypern am Norden, déi just vun der Tierkei unerkannt ass. Visibel gëtt dës Trennung och duerch eng 180 Kilometer laang Grenz. D’Pufferzon ass plazeweis tëscht nëmmen dräi Meter, op aneren awer bis zu siwe Kilometer breet a gëtt vu Friddenstruppe vun de Vereenten Natiounen iwwerwaacht. Och d’Haaptstad Nikosia ass duerch eng Mauer getrennt. Zanter 2003 kënnen d’Awunner an d’Touristen dës Grenz méi einfach fräi passéieren.
Zypern an d’Europäesch Unioun
2004 ass Zypern der Europäescher Unioun bäigetrueden. Am tierkesch-zyprioteschen Deel vun der Insel sinn awer d’EU-Reegelen ausgesat, obwuel rechtlech gesinn dat ganzt Land zu der Unioun ugehéiert. Well déi 1983 gegrënnten Tierkesch Republik Nordzypern net unerkannt ass, gëllt en Handelsembargo. Deemno ka just mat der Tierkei gehandelt ginn.
Keng Aussiicht op Vereenegung
Och haut bleift d’Insel territorial a politesch an zwee gedeelt. Eng Léisung kënnegt sech net un. Virun 20 Joer hu 76 Prozent vun de griicheschen Zypriote géint e Vereenegung gestemmt. 65 Prozent vun den tierkeschen Zyprioten dofir. Den Annan-Plang, benannt nom deemolegen UN-Generalsekretär Kofi Annan, war gescheitert.
Souwuel déi tierkesch Regierung, wéi och den nord-zypriotesche President Ersin Tatar si fir eng Zweestaateléisung. D’Republik Zypern an d’EU wiere fir eng Federatioun mat zwee Bundesstaaten. Den aktuelle Präsident Nikos Christodoulides wëll d’Vereenegung virundreiwen.
D’Insel bleift och geostrategesch wichteg. Dëst fir d’Erschléissung vun den Erdgasvirkommen am Mëttelmier awer och duerch hier Lag no un de Konfliktregiounen am Noen Osten.
Den Asaz vun den UN-Blohelmer op der Plaz ass den drëttlängsten iwwerhaapt. Dëst no den Iwwerwaachungsmissiounen Israel-Palestina an Indien-Pakistan. Et ass deen eelste Konflikt an Europa, zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich.
Schonn am Januar, am Mee an am Juli war den Ausseminister Xavier Bettel an den Noen Oste gereest. En Dënschdegnomëtteg bis en Donneschdeg wäert also seng 4. Visitt fir dëst Joer an Israel an a Palestina ginn. Am Summer war hien doriwwer eraus och op Aarbechtsvisitt a Jordanien, wou hien ënner anerem den Haaptsëtz vum palestinenseschen Hëllefswierk UNRWA an e Flüchtlingscamp besicht huet.
Am Fliger e Méinden den Owend, um Wee op Zypern, deen éischte Stopp vun der Aarbechtsvisitt, sot de Xavier Bettel op seng Visitt an d’Situatioun am Noen Osten ugeschwat: “Ech si ganz éierlech. Ech sinn nach ni an de Fliger geklommen, andeem ech voller Hoffnung war, a gesot hunn, wa mer elo zréck sinn, da gëtt et eng Léisung”. Fir d’éischt misst eng israeelesch Regierung dëst wëllen. An och déi palestinensesch Regierung misst ënnerstëtzen, dass den Hamas an den Hezbolla keng Gefor méi fir Israel dierfe sinn.

Bei der Visitt an Israel an a Palestina stinn Treffe mat Regierungsvertrieder, sou wéi och mat ONGen vu béide Säiten um Programm. Doriwwer eraus wäert et en Austausch mat Mënsche ginn, déi vun der Hamas bei der Attack op Israel am Oktober Zejoert als Geisele geholl gi waren. “Eben och fir ze weisen, wat ech zanter dem Ufank soen, dass d’Situatioun wierklech eng komplizéiert Situatioun ass. Et ass net alles schwaarz oder wäiss”, betount den Ausseminister.Et wier wichteg, op d’Plaz ze fueren an am Dialog ze bleiwen, fir ze weisen, dass et eng Léisung géing ginn.
De Waffestëllstand wier dann hei de beschten Depart, fir eng Dynamik ze lancéieren. Ouni Wafferou wier de Fridden an eng Zweestaateléisung, ganz komplizéiert. De Fridden a Palestina géing och de Fridden an Israel bréngen. “Et kritt een ëmmer Erklärungen, dass et wichteg wier, dass se d’Leit vum Hamas a vun der Hezbollah kéinte lass ginn. Tatsächlech wéilt ech och keng esou Noperen hunn, wéi déi Leit vum Hamas a vum Hezbollah. Mee d’Kollateralschied gi schwéier, deenen nächste Generatiounen z’erklären”, sou de Xavier Bettel.
Schliisslech wier ee fir internationaalt Recht, wat normalerweis géing heeschen, ee festzehalen, ze jugéieren an ze condamnéieren. D’Kollateralschied wieren hei mat dausenden an dausende vu Mënschen, déi ëmbruecht gi sinn, well se de falschen Ament op der falscher Plaz waren, einfach ze grouss.
Am israeelesche Parlament gouf d’Verbuet vun dem UN-Palestinenserhëllefswierk UNRWA gestëmmt. Dëst däerf domat vun nächstem Joer un net méi op israeeleschem Territoire schaffen. D’UNWRA ze verbidden, wier keng gutt Decisioun, kommentéiert den Ausseminister. Dat géing hien dem israeelesche Chamberpresident och soen.
“A mengen Ae muss elo eng international Reaktioun vun New York bei der Uno kommen, wou mer mussen zesummekommen. Well et ass eng Agence vun der UNO. Am Fong huet Israel decidéiert, dass eng Agence vun der UNO net méi dierf schaffen. Dat ass eng eesäiteg Decisioun an ech wäert dem Chamberspresident soen, dass ech déi Decisioun wierklech regrettéieren.”
Ouni d’UNRWA géing et keng Schoulen a keng Spideeler an dëse Regioune ginn. De ganze soziale System géing drop opbauen. D’UNWRA misst weider ënnerstëtzt ginn, och wa se net perfekt wier a Lacunnen, déi an engem Rapport festgestallt goufen, misste behuewe ginn. Och eng Visitt bei der UNWRA steet um Mëttwoch um Programm vun der Visitt vum Premier.