Leit koumen aus dem SudanBoot mat Migrante viru Kreta ënnergaangen, aacht Doudeger

AFP, iwwersat vun RTL
28 aner Leit, déi u Bord vum Boot waren, si gerett ginn
D'Rettungsaktioun ass schonn e Samschdeg ronn sechs Séi-Meile virun der südlecher Küst vu Kreta ugaangen.
© MICHAEL SZAFARCZYK/robertharding via AFP

Aacht Leit si gestuerwen, wéi e Boot mat Migrante virun der Insel vun der griichescher Insel Kreta ënnergaangen ass. Dat deelen déi griichesch Garde-côtes e Méindeg mat. 28 aner Persoune mat sudaneesescher Nationalitéit, déi och u Bord vum Boot waren, hätte kënne gerett ginn, huet et schonn e Sonndeg vun engem Spriecher vun de griichescher Administratioun vun den Häfen geheescht. D'Rettungsaktioun hätt sech wéinst de Wiederkonditiounen als enorm schwiereg gestallt.

D'Operatioun ass schonn e Samschdeg ronn sechs Séi-Meile virun der südlecher Küst vu Kreta ugaangen. Deen Ament hunn d'Garde-côtes 28 Persoune gerett an eng Läich fonnt. An der Nuecht vun e Méindeg op e Sonndeg hunn d'Ekippe vun de Garde-côtes dann de Wrack vum Boot eng zéng Séi-Meile südlech vun de Küst fonnt. Deen Ament wieren och déi siwen aner Läiche fonnt ginn.

Déi Iwwerliewend vum Ongléck hätte géigeniwwer de griicheschen Autoritéiten uginn, dass si sech den 3. oder 4. November a Libyen op de Wee Richtung Europa gemaach hätten. Zwee sudaneesesch Staatsbierger am Alter vun 28 a 16 Joer goufe festgeholl, nodeems déi aner Migranten ausgesot hunn, dass si d'Schleiser wieren, déi den Trajet organiséiert hunn.

Et ass déi zweete Kéier bannent dräi Deeg, dass e Boot mat Migrante viru Kreta ënnergeet.

Back to Top
CIM LOGO