Dana White als Pressespriecher?Propos vum Donald Trump soll just "e Witz" gewiescht sinn

RTL Lëtzebuerg
Nom rezenten Desaster, wat seng Pressespriecher ugeet, ass den US-President aktuell op der Sich no engem neie Spriecher oder enger neier Spriecherin.
Den US-President Donald Trump an de CEO vun der UFC Dana White stinn zesummen am Octagon an der Wiss virum Wäissen Haus, dat am Kader vum "UFC Freedom 250", deen den Donald Trump fir säin 80. Gebuertsdag organiséiert huet.
Den US-President Donald Trump an de CEO vun der UFC Dana White stinn zesummen am Octagon an der Wiss virum Wäissen Haus, dat am Kader vum "UFC Freedom 250", deen den Donald Trump fir säin 80. Gebuertsdag organiséiert huet.
© EVAN VUCCI/AFP

De Weekend hat den US-President ugedeit, datt de President vun der UFC a CEO vun der TKO Grupp Dana White kéint säin neie Pressespriecher ginn. Dës Ausso hat vill Leit irritéiert.

E puer Stonnen no der Annonce huet den Donald Trump awer matgedeelt, datt dëst just e Witz soll gewiescht sinn. "Ech hu just de Geck gemaach, den Dana huet d'Iddi awer gutt fonnt". Am Laf vum Méindeg gëtt de White am Wäissen Haus erwaart, hei soll et dem US-President no awer ëm aner Sujete goen.

De White selwer war awer op de Witz vum Trump opgesprongen an hat annoncéiert, datt hien den US-President wéinst engem Evenement zu London géif besichen. "Dono wäert ech méi dozou kënne soen", esou de White iwwer d'Spekulatioune ronderëm en eventuelle Posten an der Trump-Administratioun.

D'Plaz vum Pressespriecher ass zanter Wochen net besat, nodeem d'Karoline Leavitt am August hire Posten aus familiäre Grënn opginn hat an hir Successeurin Katie Zacharia no just fënnef Deeg de Posten nees verluer hat, nodeem si onsécher an hiren Optrëtter war an et berechtegt Zweiwel un hirer Ausso gouf, datt si Affekotin wier..

Back to Top
CIM LOGO