
D'Danae Dholakia, brittesch Interim-Ambassadrice zu Moskau, ass an de Kreml geruff ginn. Groussbritannien kritt eng Haltung vun der Konfrontatioun virgehäit an d'Waffeliwwerungen an d'Ukrain géingen "eskaléieren".
D'Diplomatin krut virgehäit, hiert Land géing mat der enormer Ënnerstëtzung duerch Liwwerunge vu Waffen an Dronen de Krich kloer verlängere wëllen. Ausserdeem krut d'Dholakia am Kreml "all d'Risiken opgezeechent, déi mat den destruktiven Aktioune vun den Englänner a Verbindung stinn".
Fir Russland ass Groussbritannien eent vun de feindlechsten europäesche Länner. London gehéiert zu den Haapt-Alliéierte vu Kiew. Dem neie Premier Andy Burnham seng éischt Rees an d'Ausland war an d'Ukrain gaangen. Réischt dëse Mount haten d'Britten annoncéiert, déi ukrainesch Loftofwier am Wanter mat 100 Milliounen englesch Pond z'ënnerstëtzen. Donieft wäert en NATO-Programm ënnert anerem mat Dronen an Artillerie beliwwert ginn.