
Wéinst dem Mord un engem Jong vun 10 Joer a Frankräich ass deen an de Medien als "Maskemann" bekannten däitsche Seriemäerder Martin N. zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. D'Dot hat hien am Joer 2004 begaangen. De 55 Joer alen Ugekloten, deen als onschëlleg plädéiert hat, hat d'Urteel vum Geriicht zu Nantes en Donneschdeg ouni Emotioun opgeholl. De Parquet hat a sengem Plädoyer betount, de Mord um 10 Joer ale Jonathan géif déi "kriminell Handschrëft" vum Ugekloten droen. Eng ganz Rei Indicë géifen iwwerdeems fir seng Schold schwätzen an et géif "iwwerhaapt keen Zweiwel" bestoen, datt hien d'Dot begaangen huet.
De Martin N. war schonn 2012 an Däitschland wéinst de Morden un dräi Jongen am Alter vun 8, 9 an 13 Joer zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. Am Géigesaz zum Mord um Jonathan, hat de Martin N. dës Doten zouginn. Sollt et an Däitschland zu enger Stroferliichterung kommen, wäert dat franséischt Urteel vun en Donneschdeg an Zukunft berécksiichtegt ginn.
De Mord um 10 Joer ale Bouf änelt den Doten, déi de Verurteelten an Däitschland begaangen huet. De Jonathan war aus enger Schoulkolonie zu Saint-Brévin-les-Pins am Weste vu Frankräich verschwonnen. Annerhallwe Mount méi spéit gouf seng plakeg Läich an engem Séi fonnt, e Bëtongsblock war un em befestegt. E fréiere Matprisonéier vum Martin N. hat am Prozess ausgesot, dësen hätt him géigeniwwer d'Dot zouginn an och gezielt, en hätt kuerz no der Dot e Mann mat engem Hond begéint. Dës Behaaptung deckt sech mat der Ausso vun engem Zeien, dee sot, hie wier mat sengem Hond an der Géigend wou d'Dot geschitt ass, ënnerwee gewiescht an Hätt en Auto mat däitscher Plack gesinn. Dem Martin N. no hätt säi Matprisonéier dat alles erfonnt,.
Och hat d'Riichterin wärend dem Prozess eng Rei Noriichte virliese gelooss, déi den Ugekloten nom Doud vum Jonathan an engem Online-Forum gepost huet. An dësen huet hie geschriwwen, de "schwaarze Mann" hätt nees zougeschloen.
D'Bezeechnung "schwaarze Mann" oder och "Maskemann" geet drop zeréck, datt de Martin N. wärend sengen Dote meeschtens schwaarz Kleeder an eng Cagoule soll gedroen hunn. Wéi déi betraffe Kanner vun engem "schwaarze Mann" geschwat hunn, goufen hir Aussoe fir d'éischt net eescht geholl.