
D'USA a Saudi-Arabien hunn zu Washington eng Zorte Atom-Deal ënnerschriwwen. D'US-Amerikaner wëlle Saudi-Arabien hëllefen, fir en zivillen Atomprogramm opzebauen, fir esou d'Energieversuergung am Land ze garantéieren, heescht et aus dem zoustännege Ministère.
Zwee entspriechend Accorde goufe vum US-Energie-Minister Chris Wright a sengem saudeschen Amtskolleeg, dem Prënz Abdulasis bin Salman, ënnerzeechent. Et gëtt betount, dass Saudi-Arabien duerch dësen Deal awer keng Atomwaffe selbstänneg entwéckele kann.
Et erhofft ee sech dobäi säitens den USA och e lukratiivt Geschäft, well d'Technologie an d'Materialien aus den USA solle kommen. Dat Ganzt muss elo duerch awer nach de Kongress, wou mat Géigewier ze rechnen ass.