
6 Persoune wëlle Successeur gi vum UN-Generalsekretär António Guterres. Zu New York wäerte si sech en Donneschdeg den Owend en ëffentlechen Debat liwweren. Mat dobäi ass ënnert anerem déi fréier chileenesch Presidentin Michelle Bachelet an den Argentinier Rafael Grossi, deen déi International Atomenergie-Agence leet. Net involvéiert ass den Gianni Infantino. De FIFA-President soll jo dem Donald Trump säi Favorit op d'Plaz sinn.
Um 23 Auer eiser Zäit wäerten déi 6 Kandidate fir den Top-Poste bei de Vereenten Natiounen 90 Minutte laang vun Diplomaten, UN-Mataarbechter a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft befrot ginn. Op der Internetsäit vun den UN ass e Livestream ugekënnegt ginn.
Beobachter gesinn d'Vereenten Natioune virun hirem gréissten Challenge zanter der Grënnung viru ronn 81 Joer. Den US-President hat déi finanziell Ënnerstëtzung gekierzt an en eegene "Friddensrot" an d'Liewe geruff, dee vu villen Diplomaten als Konkurrenz zur UNO gesi gëtt.

Eng Schlësselroll an der Course ëm d'Nofolleg vum Guterres spillen d'USA, Russland, China, Frankräich a Groussbritannien, déi alleguer e Vetorecht hunn. Ausserdeem wäerten déi zéng net-permanent Membere vum UN-Sécherheetsrot der Vollversammlung eng Recommandatioun presentéieren. Fir den 30. Juli ass dozou am Sécherheetsrot eng éischt Ofstëmmung ugesat.
Nieft Bachelert a Grossi kandidéiert och déi fréier Presidentin vun der UN-Vollversammlung Maria Fernanda Espinosa aus dem Ecuador, grad esou wéi d'Cheffin der UN-Organisatioun fir Handel an Entwécklung UNCTAD Receba Grynspan aus Costa Rica. Ausserdeem wëllen d'Diplomatin Carolyn Rodrigues-Birkett aus Guyana an de fréiere President vu Senegal Macky Sall de Posten hunn.
Am Virfeld vun der annoncéiert Debatt hate sech déi meescht Kandidate fir weider UN-Reformen ausgeschwat, fir d'Vereenten Natioune méi effizient ze maachen a fir e méi staarkt Engagement vum Generalsekretär fir de Fridde weltwäit. Insider no wier de Grossi ee vun de Favoritten. Et kéint awer och nach en Iwwerraschungskandidat an d'Spill kommen. Den Infantino? Géint hie schwätzt, dass nom Portugis Guterres net erëm en Europäer un der Rei wier. Déi Kéier beusprocht Latäinamerika den Job fir sech.