
D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet et als e “strategesche Feeler” bezeechent, datt Europa d’Atomkraaft reduzéiert huet. Am selwechten Ament huet si en Dënschdeg um Sommet fir Atomenergie a Frankräich annoncéiert, datt d’EU privaten Investisseuren, déi an nei Atomtechnologie investéieren, eng Risiko-Ofsécherung vu ronn 200 Milliounen Euro kënnen accordéieren. “D’Mëttel dofir wäerten aus eisem Emissiounshandel kommen”, esou d’von der Leyen zu Boulogne-Billancourt bei Paräis.
Si bedauert dann och, datt den Deel vun der Atomkraaft am europäesche Energiemix erofgaangen ass. 1990 koum nach ronn een Drëttel vum europäeschem Stroum aus der Atomenergie, haut sinn et nach knapp 15 Prozent, esou d’EU-Kommissiounspresidentin. “Ech mengen, datt et fir Europa e strategesche Feeler war, eng zouverlässeg a bezuelbar Source fir emissiounsfräie Stroum de Réck ze dréinen”, esou d’von der Leyen.