100 Gemenge ginn et am Land, mee nëmmen eng Dosen droen den Titel vun der “Stad” - sou wéi Esch, d’Stad, Iechternach, Veianen oder Wolz.
1907 sinn déi lescht véier Titele vu “Stad” attribuéiert ginn, dat un Déifferdeng, Diddeleng, Ettelbréck a Rëmeleng, an dobäi soll et dem Inneministère no och bleiwen, och wa Gemenge wéi Miersch de Wonsch hunn, fir offiziell och als Stad ugesinn ze ginn an deen Titel ze droen.
Eng legal Basis, wéini eng Gemeng de réng symboleschen Titel kritt, gëtt et iwwerdeem net. Den Inneminister erënnert drun, datt eng Stad keng aner Avantagen oder Rechter hätt wéi aner Gemengen an encouragéiert weider fräiwëlleg Gemengefusiounen. Duerfir gouf och eng entspriechend onofhängeg Fusiounscellule vum Ministère nees relancéiert. D’Gemengesubside wieren dem Minister Gloden no dann och trei der Devise vum “En Awunner ass en Awunner, e Kand ass e Kand - egal a wéi enger Gemeng Ee wunnt” gehéicht ginn.
Déi parlamentaresch Fro zur Attributioun vum Stad-Titel hat den liberalen Norddeputéierten André Bauler gestallt.