Fir d’éischte Kéier zanter 2022 ass de Präis vum Barrel Pëtrol erëm iwwer 100 US-Dollar geklommen. “Wat de Krich méi laang dauert, wat d’Konsequenze fir d’Wirtschaft méi negativ wäerte sinn”. Dat ass och d’Aschätzung e Méindeg vum brittesche Premier Keir Starmer. Am Iran ass een sech mëttlerweil eens ginn op e Nofollger vum Ayatollah Ali Khamenei. Déi lescht 24 Stonne vum Konflikt am Resumé.
E weidere vun den USA an Israel geplangte Regimmwiessel ass feel geschloen. De Mojtaba Khamenei gëtt de neien Ayatollah. Den Nofollger vu sengem eegene Papp gëtt als nach méi äerzkonservativ ageschat. De Choix ass fir d’Wäisst Haus inacceptabel, fir Tel Aviv souwisou. De Geeschtleche gëtt an Iran vun de Sympathisante vum fundamentalistesche Regime gefeiert. Fir d’Diaspora ass hien en Desaster a méiglecherweis ass de Mann zanter senger Ernennung a Liewensgefor, sou wéi säi Papp et war. De Message ass deen, dass d’Land sech bei aller Gewalt vu Bombardementer net vu baussen dra schwätze léisst, wat et ze maachen hätt.
Iranesch Missile goufen iwwerdeems och iwwert der Tierkei ofgeschoss. Persoune si glécklecherweis net zu schued komm, mee Ankara hat Teheran schonn e Samschdeg formell gewarnt virun Attacken op e NATO-Member.
Méi massiv sinn dogéint d’Loftattacke vun Israel op Beirut am Libanon. Op e neits wiere presuméiert Hisbollah-Ziler viséiert gewiescht. D’Zuel vun den Doudesaffer am Land ass zanter dem 2. Mäerz op mëttlerweil 400 Persoune geklommen, ouni awer ze differenzéieren tëscht Kämpfer an Zivilisten. Op d’mannst 83 Kanner an 42 Fraen wieren awer ënnert den Affer.
An opgrond vum Krich, oder vill méi der Deel-Blockad vun der Strooss vun Hormus, klëmmt de Pëtrolspräis weider. Et wier kuerzfristeg an et wier de Präis wäert, wann déi nuklear Gefor, déi vun Iran géif ausgoen, zerstéiert wier, schreift den Donald Trump online. Ugeräicherten Uran oder atomar Sprengkäpp goufe bis ewell net vun Israel oder den USA gesicht an och net duerch Zoufall fonnt.