MIPIM 2026 zu CannesVereenten Natioune schwätze vun "internationaler Logementskris"

RTL Lëtzebuerg
Bei der Ouverture vun der internationaler Immobilie-Foire MIPIM 2026 zu Cannes huet d'Direktesch vun UN Habitat, d'Anacláudia Rossbach, déi aktuell Situatioun als eng "international Logementskris" beschriwwen.
D’Direktesch vum UN-Programm fir mënschlech Sidlungen (UN Habitat) Anacláudia Rossbach bei hirer Ried zu Cannes
© E. Megret - Image & Co

D’Directrice vum UN-Programm fir Stied a Wunnengen (UN-Habitat) huet bei der Ouverture vun der internationaler Immobilie-Foire MIPIM zu Cannes vun enger internationaler Wunnengskris geschwat.

D’Anaclaudia Rossbach huet betount, datt Regierungen dëse Problem net eleng léise kënnen an datt de private Secteur mat de staatlechen Autoritéite misst zesummeschaffen, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen.

An de leschte Jore wier de Präis vun de Wunnengen a ville Länner staark geklommen, ënner anerem a Portugal, Irland, Spuenien a Frankräich. Besonnesch a grousse Stied géif et ëmmer méi schwéier, bezuelbar Wunnengen ze fannen. Der UNO no liewe ronn dräi Milliarde Mënsche weltwäit an net-adequate Wunnkonditiounen. An Europa wieren d’Wunnengspräisser zanter 2015 an der Moyenne ëm eng 60% geklommen.

Och d’Europäesch Kommissioun huet rezent hiren éischte Plang fir bezuelbare Wunnraum presentéiert. Op der Ouverture vun der MIPIM hunn d’Participanten ënnerstrach, datt d’Wunnengsproblematik global ass, awer datt d’Léisunge jee no Land a Stad ënnerschiddlech misste sinn. Lëtzebuerg ass wéi all Joer och um Salon vertrueden, ënner anerem mat der Stater Gemeng an dem Fonds du Kirchberg.

Och den Aussenhandelsminister Xavier Bettel gëtt sech zu Cannes erwaart.

Méi am Detail zu dësem Sujet bericht, hunn eis Kolleege vun RTL Infos. Den Artikel fannt Dir hei.

De Logement ass iwwerdeem och de grousse Sujet am RTL Kloertext em Donneschdeg géint 8 Auer op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO