
Videoen, Musek oder Telefonater um Handy – ouni Kopfhörer, an iwwer Lautsprecher. Dat geschitt ëmmer méi dacks am ëffentleche Raum, zum Beispill am Bus, am Zuch oder am Restaurant. Déi eng fille sech dovu gestéiert, Anerer gesinn do kee Problem.
D’Schlussresultat vun eiser Ëmfro gitt Dir e Mëttwoch am Magazin gewuer. Dann diffuséiere mir och de Reportage vum Vidosava Kuzmic zu dësem Thema mat Biller vun enger verstoppter Kamera déi weisen, wéi d’Leit op esou eng Situatioun am ëffentlechen Transport reagéieren.