Lescht Auszeechnung vum Joer verginnDe Wirtschaftsnobelpräis geet un de Michael Woodford an de Robert E. Hall

RTL Lëtzebuerg
Den Nobelpräis fir Wirtschaftswëssenschafte geet dëst Joer un déi zwee US-Ekonome Michael Woodford a Robert E. Hall.
E Méindeg gouf zu Stockholm dee leschte Präis vum Joer verginn.
© JONATHAN NACKSTRAND/AFP

Den Nobelpräis fir Wirtschaftswëssenschaften 2026 geet un de Michael Woodford an de Robert E. Hall, déi fir hir Aarbecht iwwer déi "mikroekonomesch Basis vu makroekonomescher Stabilisatioun" ausgezeechent ginn. Si hunn u makroekonomesche Modeller geschafft, fir extreem Konjunktur-Schwankungen ze evitéieren.

Mat dëser Ukënnegung ass e Méindeg déi lescht Nobelpräis-Entscheedung vun dësem Joer gefall. Wéi all Joer schléisst de Präis fir Wirtschaftswëssenschaften d'Rei vun de Nobelpräisser of an setzt domat de Schlussstréch ënner d'Nobel-Woch 2026.

De Wirtschaftspräis ass déi eenzeg Auszeechnung, déi net op d'Testament vum Alfred Nobel zeréckgeet. E gouf vun der Schweedescher Räichsbank gestëft an dréit den offiziellen Numm "Alfred-Nobel-Gediechtnispräis fir Wirtschaftswëssenschaften".

De Präis ass mat ronn enger Millioun Euro dotéiert.

Back to Top
CIM LOGO