Nom Réckzuch vum Joe BidenDéi nei Hoffnung vun den Demokraten: Wien ass d'Kamala Harris?

RTL Lëtzebuerg
D'Kamala Harris stoung als Vizepresidentin vergläichsweis wéineg an der Ëffentlechkeet. Dat huet och mat den Dossieren ze dinn, op deene si geschafft huet.

Nodeems den Joe Biden sech e Sonndeg offiziell aus der Course ëm d’Wäisst Haus zeréckgezunn huet, huet hie seng Ënnerstëtzung fir eng Kandidatur vu senger aktueller Vizepresidentin Kamala Harris annoncéiert. Dës huet hir Roll als designéiert nei Hoffnung vun den Demokrate séier ugeholl an annoncéiert, dass si - falls si um Nationalkongress vun den Demokraten offiziell zur Presidentschaftskandidatin géif gewielt ginn- alles dofir wäert maachen, fir d’Partei zesummenzeféieren a géint den Donald Trump ze gewannen.

US-Presidentiellen: Joe Biden zitt sech zeréck a proposéiert Kamala Harris
Nom groussen Drock op den aktuellen US-President, huet dee seng Kandidatur zeréckgezunn.

Ma wien ass d’Kamala Harris a wéi eng politesch Positioune vertrëtt si?

Vun der Justiz an d’Politik

D’Kamala Harris gouf den 20. Oktober 1964 zu Oakland a Kalifornien als Duechter vun enger indescher Biologin an engem jamaikanesch-amerikaneschen Ekonomist gebuer. No hirer Schoulzäit studéiert si op der Howard Univesrsity zu Washington D.C. Ekonomie a Politikwëssenschaft. An dëser Zäit mécht si e Stage beim Alan Cranston, deen deemools Kalifornien am Senat vertrëtt. Duerno setzt si hiren akademesche Parcours op der University of California fort, wou si schliisslech 1989 e Doktertitel am Droit kritt.

Hire Wee an déi national Politik geet dann och iwwert den amerikanesche Justizsystem. 1990 gëtt si Procureure vum Almeda County a Kalifornien. Wärend den 1990er Joren mécht si Karriär an der kalifornescher Justiz a gëtt schliisslech 2002 zur Procureure vu San Francisco gewielt. 2007 gëtt si vun de Wieler op deem Poste confirméiert.

2010 gewënnt si dann d’Wal, fir Attorney general vum Bundesstaat Kalifornien ze ginn. Si ass déi éischt Fra an déi éischt Persoun mat afrikaneschen a südasiateschen Originnen op dësem Posten. Och hei gëtt si no véier Joer fir eng zweet Amtszäit confirméiert.

Den definitive Wiessel vun der Justiz an déi national Politik mécht d’Kamala Harris dann am Joer 2016. Si gëtt mat grousser Majoritéit zu Senateurin fir Kalifornien gewielt. Zu hiren Ënnerstëtzer gehéieren ënner anerem den deemolegen US-President Barack Obama a säi Vizepresident Joe Biden.

Am Januar 2019 annoncéiert si dann hir Kandidatur, fir demokratesch Kandidatin fir d’Presidentiellen 2020 ze ginn. Nodeems si um Ufank gutt Wäerter an den Ëmfroen erreecht, huelen dës mat der Zäit ëmmer méi of. Am Laf vun hirer Campagne geréit si ënner anerem wéinst den deels restriktive Positiounen, déi si als Attorney general vu Kalifornien vertrueden huet, an d’Kritik. Enn 2019 annoncéiert si schliisslech d’Enn vun hirer Campagne. Ma am August 2020 deelt den Joe Biden mat, dass d’Kamala Harris seng Kandidatin fir de Poste vum Vizepresident ass. Den 20. Januar 2021 trëtt si als éischt Fra an als éischt Persoun mat afrikaneschen an asiateschen Originnen de Poste vum amerikanesche Vizepresident un.

Eng wéineg siichtbar Vizepresidentin

Als Vizerpesidentin steet d’Kamala Harris am Verglach mat hire Virgänger manner an der amerikanescher Ëffentlechkeet. Dat huet ënner anerem domat ze dinn, dass si virun allem mat aussepoliteschen Dossiere befaasst ass. Dorënner dee vum Probleem vun der illegaler Migratioun. Am Mäerz 2021 kritt si vum Joe Biden d’Aufgab, d’Zuel vun de Migranten, déi d’mexikanesch Grenz wëlle passéieren, erof ze kréien. Eng Aufgab, déi Kritiker als onléisbar beschreiwen a bei där et schwéier ass, mat positive Biller an d’Medien ze kommen. D’Republikaner reprochéieren hir, an dësem Dossier versot ze hunn.

Och den amerikanesche Public schéngt tëschenduerch net ëmmer vum Kamala Harris iwwerzeegt gewiescht ze sinn. Si hat zäitweis eng vun den nidderegsten Zoustëmmungen, déi jeemools en amerikanesche Vizepresident hat.

Kloert Bekenntnis zu der NATO

Méi siichtbar gouf d’Kamala Harris an de leschte Méint dann um internationale Parquet. Virun allem wat d’Kricher an der Ukrain an an der Gazasträif betrëfft, huet si dës lescht méi dacks kloer Positioun bezunn. Wéi si d’USA op der Münchener Sécherheestkonferenz vertrueden huet, huet si kloer Positioun fir d’NATO an déi transatlantesch Allianz bezunn.

Wärend si Israel um Ufank vum Krich mat der Hamas bedéngungslos amerikanesch Ënnerstëtzung zougesot huet, huet si den israeelesche Militär am spéidere Verlaf vum Konflikt fir dësem säi Virgoen an der Gazasträif kritiséiert.

Den Donald Trump ass weiderhi Favorit

Trotz dem Réckzuch vum Joe Biden, gesäit et an den aktuellen Ëmfroen onverännert duerno aus, dass den Donald Trump den nächsten amerikanesche President gëtt. Déi meescht national Ëmfroe gesinn den Trump weider als Favorit.

Trotzdeem bedeit eng warscheinlech Kandidatur vum Kamala Harris eng Erausfuerderung fir d’Republikaner. Dës mussen hir Campagne, déi a groussen Deeler dorop ausgeluecht war, dem Joe Biden seng Schwächten opzeweisen, elo komplett iwwerschaffen.

Back to Top
CIM LOGO