IranDëse Sonndeg ass op en Neits eng Persoun higeriicht ginn

Monica Camposeo
Dat ass déi zweet Hiriichtung bannent zwee Deeg.
© SEM VAN DER WAL/ANP via AFP

Am Iran ass dëse Sonndeg op en neits eng Persoun higeriicht ginn. Der Noriichtenagence Tasnim no soll e Sonndeg de Moien e Mann erhaange gi sinn, deem terroristesch Uschléi virgeheit goufen. Hie war verurteelt ginn, well hien e Member vun engem sunnitesche Rebellegrupp soll gewiescht sinn. NGOe kritiséieren awer, dass esou Urteeler dacks an engem Schnellverfaren ausgeschwat ginn an op Aussoe géinge baséieren, déi déi Ugekloten ënner Folter maachen. E Samschdeg war am Iran och eng Persoun exekutéiert ginn, déi am Zesummenhang mat de Masseprotester am Januar d'Doudesstrof krut.

Back to Top
CIM LOGO