
Bei engem Bommenattentat op enger Strooss am Südweste vu Kolumbien sinn e Samschdeg op d'mannst 14 Mënschen ëm d'Liewe komm, 38 weider Persoune goufe blesséiert. D'Attentat war an der Regioun Cauca, am Duerf Cajibio.
Zanter Woche gëtt et eng Serie vu gewaltsamen Attentater, dat alles knapp méi wéi ee Mount virun de Presidentschaftswalen.
An enger staark op Sécherheetsfroen ausgeriichter Walcampagne hu kolumbianesch Autoritéiten d'Attentat der Fuerzas Armadas Revolucionarias de Colombia (FARC) zougeschriwwen. Déi Grupp huet de Friddensaccord vun 2016 net matgedroen a suergt zanterhier mat Attacken a Gewalt weiderhi fir Onsécherheet am Land.