
Benfica konnt a Portugal den Ecart op Porto op 4 Punkte verkierzen. E groussen Undeel dorun hat de Leandro Barreiro, dee beim 4:1-Succès vu Benfica géint Moreirense den 1:0 selwer markéiert an den 2:1 virbereet huet. An der Schlussphas konnt Benfica zwee weider Goler markéieren. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain.
D'Resultater aus der Liga Portugal.
Den Danel Sinani huet an der 1. Bundesliga mat St. Pauli 0:2 beim Tabelleleschten Heidenheim verluer. D'Ekipp vun Hamburg huet just nach ee Punkt Avance op Wolfsburg a véier Punkten op Heidenheim, déi allebéid op enger direkter Ofstigsplaz stinn. De Lëtzebuerger stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 88. Minutt duerch de Metcalfe ersat.
An der 3. Liga gouf et en 2:2-Remis tëscht Mannheim an dem Ofsteiger Schweinfurt. De Vincent Thill koum vun Ufank un zum Asaz an huet den 1:0 fir d'Ekipp vum Luc Holtz virbereet. An der 68. Minutt gouf de Mëttelfeldspiller ausgewiesselt.
An Éisträich gouf et fir de Grazer AK eng batter 0:1-Néierlag beim Tabelleleschte Wolsberger AC. De Mathias Olesen stoung an der Startformatioun a gouf an der 87. Minutt ausgewiesselt.. Seng Ekipp huet just nach ee Punkt Avance op déi direkt Ofstigsplaz.
An der Serie B an Italien huet Venedeg 2:0 géint Empoli gewonnen a steet zwee Spilldeeg viru Schluss op der éischter Plaz an der Tabell. De Seid Korac gouf an der 90. Minutt agewiesselt. Venedeg huet an der Tabell 3 Punkten Avance op Frosinone a Monza op de Plazen 2 an 3. An der Serie A huet Roum zu Bologna gewonnen.
A Polen gouf et fir Rzeszow ouni de Sebastien Thill eng 1:2-Defaite zu Lodz.
Um Freideg hat Al Khaleej 0:1 bei Al Fateh verluer. Den Anthony Moris stoung de ganze Match tëscht de Pottoen.
Beim 1:1-Remis vu Bastia zu Clermont an der Ligue 2 war de Florian Bohnert gespaart an domadder net am Kader. Bastia steet op der zweetleschter Plaz an der Tabell an huet 4 Punkte Retard op d'Relegatiounsplaz.
An der 2. éisträichescher Liga gouf et en 0:0 Remis tëscht Florisdorfer AC a St. Pölten. Den Dirk Carlson stoung bei de Gäscht de ganze Match an der Ofwier um Terrain. An der Tabell läit St. Pölten 1 Punkt hannert dem Tabelleleader Lustenau op der 2. Plaz.